Radio Sport-Club vum 20. AbrëllBen Weibel: Mussen aggressiv an der Verteidegung stoen

E Samschdeg ass an der Coque d’Finall vun der Coupe de Luxembourg tëscht Péiteng a Bierchem.

Radio Sport-Club: Ben Weibel (20.04.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Resumé Radio Sport-Club mam Ben Weibel / Rep. Franky Hippert



Den 23 Joer ale Ben Weibel spillt zanter 17 Joer Handball, dovun der 14 zu Péiteng, wou d’riets Band och ugefaang huet. No der décker Surprise an der Halleffinall mat der Victoire géint den HBD, kréien déi Péitenger et elo an der leschter Ronn e Samschdeg den Owend um 20.15 Auer mat deene Réiserbänner ze dinn.

Onofhängeg vum Parcours, konnt een déi Réiserbänner och an der leschter Ronn vun där Kompetitioun erwaarden. Anescht gesäit dat dogéint fir déi Péitenger aus. De Ben Weibel a seng Matspiller haten awer e Mëttwoch de risegen Exploit fäerdeg bruecht, den Tabelleleader am Championnat den HB Diddeleng ze eliminéieren.

Géint den HBD waren déi Péitenger taktesch gutt agestallt. Géint Bierchem elo, wollt de Ben Weibel net alles verroden. Géint Diddeleng hat een de Plang, de Géigner fréi ze stoppen, net ze vill matzelafen an déi eege Feeler ze miniméieren, fir och iwwert déi 60 Minutten ze kommen. Bierchem huet een ähnlecht Spill, wéi den HBD. Wichteg wäert et sinn aggressiv an der Verteidegung ze stoen, sou de Ben Weibel. 

Am Laf vun der Saison gouf et ee wiesentleche Changement. Den neien Trainer huet Péiteng zanter dem Dezember drop virbereed, fir och am Playoff mental matzehalen. Déi Péitenger wollten déi méi grouss Veräiner iergeren, wat dann och déi eng oder aner Kéier gelongen ass.

Am leschte Championnatsmatch hat Péiteng sech kloer mat 19:36 zu Bierchem misse geschloe ginn. Fir d'Coupe gëlle jo awer bekanntlech aner Gesetzer. Och wa Péiteng net zu de grousse 5 aus dem Lëtzebuerger Handball zielt, war de Ben Weibel zum Beispill och schonn zu Esch, wou hien de Champion an d'Coupe gefeiert huet, an och an der Final vum europäeschen Challenge Cup stoung.

Radio Sport-Club mam Ben Weibel



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.