Sport-Club mam Philippe Hengen

De Week-End decidéiert sech zu Diddeleng wie neie Champion am Badminton gëtt.

3 Joer war dat de Philippe Hengen- d'lescht Joer war hien allerdéngs nëmmen den 3. ginn. 2010 wëll de Student vu Saarbrécken, deen och den Titel vum Saarlandmeeschter huet, d'Kroun nees erëm.

Wéi gutt hie mat Rackett a Fiederbal kann ëmgoen a wat e sech erhofft erzielt en eis am Radio Sport Club.