Preview op déi 2 Halleffinalen bei der Football-WM

09.07.2018 - 18:15

Haut hunn d'Football-Supporter nach een Dag Paus, éiert et muer an iwwermuer op der Weltmeeschterschaft a Russland an den Halleffinallen ëm d'Wurscht geet. Mat Frankräich-Belsch an England-Kroatien, sinn 4 Equippen aus Europa an der zweetleschter Ronn. Et kann een bal net soen, a wei eng Direktioun datt et fir d'Final geet, och emol net wierklech den Lëtzebuerger Nationaltrainer, Franky Hippert:
09/07/2018 18h20 Virschau Halleffinalen Football-WM

An wann d'Fransouse dann e Sonndeg och nach géifen wannen, kéint den FLF-Coach soen, datt hien mat senge Roude Léiwen an der WM-Qualifikatioun, 0-0 géint de spéideren Weltmeeschter gläichgespillt huet.