Den Alain Atten, Joergang 1938, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Hien ass spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht an an den ale lëtzebuergesche Bräich. Den Alain Atten huet an den Nationalarchive geschafft a gëllt als dee Spezialist vun ale lëtzebuergeschen Ausdréck a Riedensaarten, déi e regelméisseg an zanter ville Joren op Radio Lëtzebuerg erkläert.

A sengen 2 Bestselleren "De Sproochmates" 1 an 2 mat CD (Éditions Schortgen) geet den Alain Atten op eng ganz Partie Lëtzebuerger Riedensaarten an.

De Sproochmates - En Tuppi an e Chignon

21.01.2019 - 13:45

Heiansdo freet ee sech wéi den Alain Atten un d'Wieder kënnt déi en op der Antenne erklärt. Et ass wéi sou dacks, déi meeschte Saache kommen engem duerch Situatiounen déi een am Alldag erlieft. Esou dann och déi Zwee Wieder vun haut. En Tuppi an e Chignon. Béides huet mat Frisuren ze dinn.
21/01/2019 De Sproochmates Alain Atten (En Tuppi an e Chignon)