Den Alain Atten, Joergang 1938, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Hien ass spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht an an den ale lëtzebuergesche Bräich. Den Alain Atten huet an den Nationalarchive geschafft a gëllt als dee Spezialist vun ale lëtzebuergeschen Ausdréck a Riedensaarten, déi e regelméisseg an zanter ville Joren op Radio Lëtzebuerg erkläert.

A sengen 2 Bestselleren "De Sproochmates" 1 an 2 mat CD (Éditions Schortgen) geet den Alain Atten op eng ganz Partie Lëtzebuerger Riedensaarten an.

Sproochmates (E Patt an e "Pot")

28.01.2019 - 14:45

Haut befaasst den Alain Atten sech mat geléinte Wierder. Wierder, déi aus dem romaneschen an eis Sprooch komm sinn, an net aus dem germaneschen ofstamen, wéi d'Stackwierder am lëtzebuergeschen dat gewéinlech maachen. Et geet ëm zwee Wierder, déi sech lautlech zwar grondverschidden unhéieren, mä vun engem Grondwuert hierkommen. Et geet ëm d'Wierder "Patt" a "Pot".
28/01/2019 De Sproochmates Alain Atten (E Patt an e Pott)