Den Alain Atten, Joergang 1938, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Hien ass spezialiséiert an der mëttelalterlecher Geschicht an an den ale lëtzebuergesche Bräich. Den Alain Atten huet an den Nationalarchive geschafft a gëllt als dee Spezialist vun ale lëtzebuergeschen Ausdréck a Riedensaarten, déi e regelméisseg an zanter ville Joren op Radio Lëtzebuerg erkläert.

A sengen 2 Bestselleren "De Sproochmates" 1 an 2 mat CD (Éditions Schortgen) geet den Alain Atten op eng ganz Partie Lëtzebuerger Riedensaarten an.

Sproochmates

03.02.2019 - 13:45

Léiwer Herrgottsblieschen ... den Alain Atten huet sech haut de Liichtmëssdag erausgesicht
03/02/2018 De Sproochmates Alain Atten (Liichtmëssdag)