Spill a Spaass fir déi ganz Famill am Eifelpark Gondorf!

21.06.2018 - 09:50

Muer de Moien gëtt et hei bei eis nees e super Kado ze gewannen: Den Eifelpark Gondorf, direkt hei vir bei Bitburg, schenkt Iech 25 Dagesentreeën mam Iessen an Drénken an hirem groussen Déieren- a Fräizäitpark a Voyages Emile Weber offréiert Iech den Transfert mam First-Class Reesbus derbei, fir komfortabel mat der Famill, mat Frënn, mat Arbechtskollegen oder mam Veräin an den Eifelpark ze fueren
21/06/2018 VivaLaVida Eifelpark Gondorf 9h50

A wann Dir muer als ee vun eise 4 Telefonskandidate wëllt ausgeloust ginn, fir déi Grupperees ze gewannen, da schreiwt Iech entweder an op vivalavida.rtl.lu oder schéckt eis muer de Moien déi richteg Äntwert op eisen Dengensdengens. An da ka muer schon en Nationalfeierdag fir Iech ginn…