Gewannt en John-Deere-Opsëtzméitrakter vu Cloos & Kraus!

25.06.2018 - 11:10

Dëse Weekend, e Freideg, e Samsdeg an e Sonndeg, ass nees déi grouss Foire Agricole an den Ettelbrécker Däichwisen. D’Foire agricole ass dann och des Woch eise Partner am VivaLaVida, wou et e super Präis ze gewanne gëtt
25/06/2018 VivaLaVida Foire Agricole 11h10

A wann Dir demnächst mat engem fonkelneien Trakter wëllt méien, sollt Dir onbedéngt probéiere Kandidat bei VivaLaVida ze ginn: duerfir kënnt Dir Iech elo aschreiwen op vivalavida.rtl.lu oder Dir gitt eis e Freideg de Moien tëscht 10.00 an 12.00 déi richteg Äntwert op d’Beschreiwung vun eisen Zwillingen. 4 Telefons-Kandidate ginn am Ganzen ausgeloust a wien e Freideg am Meeschte weess, kann alt schon ufänken e Gaardenhaischen ze bauen!