Weg mam Summerspeck!Gewannt de Max Trainer M7 vu Bowflex, offréiert vu Freelander's!

En Trainingsgerät mat deem Dir schon no nëmme 14 Minuten Aktivitéit super Resultater erreecht! E Kado am Wäert vun iwwer 2.000 €

Dir wëllt de Vakanzespeck nees lass ginn? Ma dann hu mir genee dat richtegt fir Iech: Freelander’s an hier Fitness Kompetenz Zenteren an der Belle Etoile an zu Miersch schenken Iech de Max Trainer M7 vu Bowflex, en Trainingsgerät mat deem Dir schon no nëmme 14 Minuten Aktivitéit super Resultater erreecht!

De Max Trainer M7 vu Bowflex - elo bei Freelander's!

Zanter Jore begeeschtert déi amerikanesch Fitnessmark „Bowflex“ mat hiren Innovatiounen an eenzegaartege Fitnessgeräter. Dës fannt Dir exklusiv bei Freelander’s an der Belle Etoile an am Fitness Kompetenz Center um Mierscherbierg.

Mat der Entwécklung vun hirem neie Max Trainer ass hinnen dëst op en neits perfekt gelongen. De Max Trainer verbënnt d'Virdeeler vun engem Stepper an engem Crosstrainer gläichzäiteg.

D'Benotzen vum MAX Trainer verbënnt déi héich Beebewegungs-Intensitéit vun engem Stepper mat der Uewerkierperbeweegung vun engem Crosstrainer.


Beim Trainéieren um Bowflex Max Trainer M7 kann ee bis zu 40kcal pro Minutt verbrennen. Dëst ass bal 3x méi wéi op engem übleche Crosstrainer.

Dobäi verfügt d'Konsole vum neie Max Trainer M7 iwwert déi nei „Smart-Max-Technologie“, déi sech un de User upasst:

Wat de Benotzer méi fit gëtt, wat d'Trainingseenheete méi intensiv ginn. Dobäi kann de User seng Trainingseenheeten a seng Fortschrëtter op der Max-Trainer-App op sengem Smartphone verfollegen.


Fir séier Resultater beim Trainéieren ze gesinn, huet Bowflex en 14-Minutten Intervallprogramm entwéckelt. Dëst erlaabt et och deene, déi net vill Zäit am Alldag hunn, mat engem intensiven Work Out séier a Form ze kommen.

Freelander’s invitéiert Iech häerzlechst d'Max Trainere vun Bowflex am Fitness Kompetenz Center um Mierscherbierg an am Freelander’s Sportsfashion an der Belle Etoile ausprobéieren ze kommen.


Dir kënnt Iech hei aschreiwen fir ee vun eise 4 Kandidaten ze ginn oder Dir gitt eis dese Freideg de Moien déi richteg Äntwert op eisen Dengensdengens fir dee super Präis ze gewannen!

Formulaire