• Wiederwelt: Wolleken aus dem Labo

    22.05.2017, 10:10

    Zënter 2006 gëtt et beim Leibniz-Institut zu Leipzig e Wollekelabo an deem kënschtlech Wolleke gemaach an erfuerscht kënne ginn, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: D'Rendéier an de Klimachangement

    20.05.2017, 06:50

    De Klimachangement ass haut Sujet an der Wiederwelt, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Den éischten Hëtztdag

    18.05.2017, 14:50

    Gëschter a virgëscht war et fir d'éischt an dësem Joer richteg summerlech. De Yann Logelin kuckt haut nach emol op de Summer-Intermezzo mat eis zeréck.

  • Wiederwelt: Haut viru 25 Joer

    15.05.2017, 10:40

    Aussergewéinlech waarm fir Mëtt Mee war et haut viru genee 25 Joer. D'Wiederwelt vum Yann Logelin kuckt haut e Véierelsjoerhonnert zeréck:

  • Wiederwelt: Wéi verhalen ech mech bei Donnerwieder?

    13.05.2017, 06:50

    Mat der Ëmstellung vun der Wiederlag an de leschten Deeg, besteet elo nees d'Gefor vun Donnerwieder. Dës kënne virun allem an de Summerméint och hei zu Lëtzebuerg richteg kräfteg ausfalen. An der Wiederwelt haut gëtt et e puer Tipps wéi ee sech bei engem Dimmer verhale soll. Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Äishelleg

    11.05.2017, 14:10

    Beim Wieder ass, op mannst emol an eise Géigenden, keen Dag ewéi deen aneren. Et gëtt awer Deeg, déi engem schéngs méi iwwert d'Wieder an den nächste Wochen a Méint verrode kënnen. Dat sinn d'Lousdeeg a mat deene beschäftegt sech de Yann Logelin haut an der Wiederwelt:

  • Wiederwelt: Zyklon Donna

    08.05.2017, 10:40

    An der Wiederwelt hëlt de Yann Logelin eis haut mat an de Südpazifik. Do ass mam „Donna“ en aussergewéinlech staarken Tropestuerm ënnerwee.

  • Wiederwelt: Viru 60 Joer

    06.05.2017, 06:50

    De Mee ass u sech e ganz agreabele Mount. E kann eis awer och nach emol Schnéi bréngen. Yann Logelin

  • Wiederwelt: E waarmen Nordpol wäert Billioune kaschten

    04.05.2017, 14:10

    Keng aner Plaz vun der Welt ass an de leschte Joere méi séier méi waarm ginn ewéi d'Arktis. D'Schmëlze vum éiwegen Äis kéint d'Mënschheet ekonomesch awer deier ze stoe kommen, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Neit Fundament fir d'Temperaturskala

    01.05.2017, 09:45

    Wann haut eng Temperatur gemooss gëtt, da bezéie sech déi Mesuren op Aggregatzoustänn vum Waasser, mä well scho liicht Verschmotzungen am Waasser déi ganz Skala verrëtsche loosse kënnen, soll et elo eng Ännerung ginn, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Nackerwolleken als Inspiratioun fir Bild

    29.04.2017, 06:50

    Et gëtt eng nei Erklärung fir de spektakulären Himmel am Edvard Munch sengem weltbekannte Bild „Der Schrei“, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Virleefege Bilan vum Frascht

    27.04.2017, 14:10

    D'Wanterhallefjoer 2016/17 war keen aussergewéinlech uergt an awer léisst sech d'Unzuel vun de Fraschtdeeg bis ewell weisen, Yann Logelin:

  • Wiederwelt: Marswieder

    24.04.2017, 10:10

    D'Wiederwelt vun haut, Yann Logelin, ass eng déi sech mam Mars beschäftegt:

  • Wiederwelt: Éischten Tropestuerm vum Joer am Atlantik

    22.04.2017, 06:50

    Aussergewéinlech fréi ass an dësem Joer d'Saison vun den Tropestierm am Atlantik lassgaangen. Grond genuch fir de Yann Logelin de Moien de Bléck westlech vun den Azoren ze riichten:

  • Wiederwelt: Aktuell kal Wiederphas

    20.04.2017, 14:10

    An dëser Nuecht war mat bis zu -9°C am Éislek, déi keelsten Nuecht vun dësem Abrëll. Eng Nuecht, déi méi ewéi sécher grousse Schued an den Uebstplantagen uechtert d'Land ugeriicht huet. Laanscht d'Musel ware schonn an der virleschter Nuecht vill Bléien erkaalt. Duerch déi niddreg Temperature vu gëscht op haut dierft och de Groussdeel vun de Kiischte vun dësem Joer erkaalt sinn. De Yann Logelin kuckt haut, an der Wiederwelt, ewéi aussergewéinlech dës Keelt am Abrëll ass: