Wochenëmfro

29.06.2018 - 07:20

Dës Woch hu mer de Leit erëm eng Kéier de Bols gefillt. D'Wochenëmfro beschäftegt sech haut mat der WM a Russland, dem neie Congé Parental Plus, an, ganz praktesch elo virun der Vakanzenzäit ass et och net onwichteg ze wëssen dass ee nei Rechter als "Vacancier" huet an dat wann et Problemer mat der Rees oder op der Destinatioun gëtt.
29/06/2018 Wochenëmfro 1 (Vakanz)

Vum 1te Juli, also dësem Sonndeg un, gëllen EU wäit nei Regelen wann een eng Pauschalrees bucht. D'Rechter vum Konsument gi gestäerkt. Hutt dir schonn emol an enger Vakanz reklamméiert?
29/06/2018 Wochenëmfro 1 (Vakanz)



18 Méint déi ee kann nom normale Congé parental huelen, wou een zwar keng Suen kritt, mä wou de Staat d’Sécurité Sociale an d’Pensiounskotisatioune géiff bezuelen. Eng Garantie dass een dono säin Job zeréckkritt, huet een och. Wéi fannt der déi Iddi?
29/06/2018 Wochenëmfro 3 (Parental +)



Den aktuelle Weltmeeschter Däitschland ass bei der Fussball-WM an der Virronn erausgeflunn. Är Reaktioun? Wien gëtt dann elo Weltmeeschter?
29/06/2018 Wochenëmfro 2 (WM)