RTL Dictée 2015D'Gesamtgewënnerin vun 20. Editioun gëtt Christiane Huberty

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg erëm déi grouss Dictée zu Walfer.

An 3 Diktater, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, kënnt Dir bei der RTL Dictée op de Walfer Bicherdeeg Äert Wëssen testen.

FOTOGALERIE vum Petz Flammang

Lëtzebuergesch

Plaz 1
HUBERTY Christiane (1 Feeler)

Plaz 2
OLINGER Anne (3 Feeler)

Plaz 3
WAGNER Alain (4 Feeler)

Däitsch

Plaz 1
WAGNER Alain (5 Feeler)

Plaz 2
HUBERTY Christiane (6 Feeler)
LEYDER Danny (6 Feeler)

Franséisch

Plaz 1

ESTEVES Julien (1 Feeler)
HUBERTY Christiane  (1 Feeler)
WAGNER Alain (1 Feeler)

Gewënner an den 3 Sproochen

Plaz 1
HUBERTY Christiane (8 Feeler)

Plaz 2
WAGNER Alain (10 Feeler)

Plaz 3
LEYDER Danny (19 Feeler)



Wëllt dir d'Dictée nach emol schreiwen? Dann lauschtert iech hei den Audio vum Diktat nach eemol un.

RTL Dictée - Lëtzebuergesch



RTL Dictée - Däitsch



RTL Dictée - Franséisch



D'Texter vun der Dictée nach emol fir nozeliesen:



Diktat 2015

 

Et besteet wierklech keng Ursaach, fir elo Geesse mat op den Hämmelsmarsch ze huelen, nëmme well de Schéifermich/Schéifermisch ze liddereg ass, fir déi auserhéngert Schof mat hire routwäissbloe/rout-wäiss-bloe Flätschen nach virum Enn vun der Presidence vum Kierchbierg iwwert d’Rout Bréck an d’Märeler Wisen ze dreiwen.

Deemools, wéi d’Gendarmerie an d’Police nach net fusionéiert haten, ass et méi dacks virkomm, datt d’Polizisten owes no sechs Auer net méi zoustänneg waren an de Gendaarmen d’Enquêtë fräiwëlleg iwwerlooss hunn.

Rout oder wäisst Fleesch, dat ass äis wurscht, mir sinn nun emol keng Frënn vu Wëld. Och wann et eng Woch laang agebeezt ass an deeglaang gemautscht huet, et wëlzt/wëldst nach ëmmer.

Aus de Feeler/Fehler misst ee jo eigentlech léieren, dat ass awer nach laang net bei jidderengem de Fall. Déi eng mussen e puer Mol op d‘Nues falen, ier s’et/se et bekäppt hunn, deenen anere schéngt et esouguer Spaass ze maachen, ëmmer erëm déiselwecht Dommheeten ze widderhuelen.

Du kanns net verlaangen, datt d’Familljeministesch dir all Owend eng Medail uspéngelt, nëmme well s du et erëm eng Kéier fäerdegbruecht hues, de ganzen Dag d’Zäit doutzeschloen, ouni dobäi enger Méck eppes zuleeds ze doen.


Jemp Schuster

Kein Entgelt bei Jubiläen

 

Nachdem die facettenlosen umtriebigen Probanden aus dem Südosten ein Jahr dahinvegetiert haben, darf jedermann jetzt wieder trotz des überhandnehmenden Tohuwabohus mit einem partiellen Diktat vorliebnehmen und sich der quasi gepacsten Trauung zwischen beredter Freude und verhärmtem Elend bewusstwerden (bewusst werden). Nicht Schafe scheren ist angesagt, sondern eigentlich nur die Silhouette der verpönten Wirklichkeit, die stets unerhörte gegensätzliche Schikanen und Albträume (Alpträume) hervorruft. Ebenso oft lässt sich das Zeugnis eines Insassen dieser schicksalhaften Soireen vernehmen, das im Übrigen eigene Gehirnzellenakrobatik mit klopsartigen von privat zubereiteten nigelnagelneuen Vorträgen auf gebrandschatzten Schießständen vergleicht. Aberhunderte von nummerierten Kandidaten müssen beim Schreiben gerade sitzen und vieles kleinschreiben, sonst wird wegen dieser Palisade manches flöten gehen. So etwas Schönes an Zierrat bereitzustellen, überlässt der quietschvergnügte Laie zuhauf Rhetorikern, die überschwänglich aufwändige Kommunikees (Kommuniqués) zu annullieren haben.

Roland Schumacher

Walferbicherdeeg 2015

 

 

Après des décennies d’autodestruction, l’Europe, continent de tous les cataclysmes et vicissitudes, s’est effondrée au vingtième siècle avant que les Schuman et Monnet se soient révélés pères fondateurs de l’Europe moderne et pacifiée.

Plus d’un juge que les réponses apportées par l’Europe aux défis actuels, sont des cataplasmes ou des sparadraps sur une jambe de bois. Il faut reconnaître quand même que la paix, la monnaie unique, la libre circulation sont autant de chefs-d’œuvre du doigté politique auxquels le Luxembourg a contribué. Actuellement, beaucoup d’opprimés voire de persécutés se dirigeant vers nos territoires espèrent s’y mettre à l’abri.

Les visions de l’Europe future, divergeant d’un dirigeant à l’autre, vont de l’idée d’un vague conglomérat d’États partageant des intérêts économiques, en passant par ceux qui envisagent une Europe à plusieurs vitesses, à des jusqu’au-boutistes (jusquauboutistes) qui imaginent carrément une fusion complète des anciens États dans un bloc homogène.

Jean-Claude Frisch