Insorcism - déi 1. CD vun der Lëtzebuerger Band Kyrenee

RTL - 29.12.2011, 16:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.12.2011, 17:08 | 0 Commentaire(n)

Laang Zäit war et bësse méi roueg ëm si, ma lo si se mat engem 1. Album nees do. D'Band Kyrenee bréngt frësche Wand an d'Lëtzebuerger Musekszeen.

Wat si fir Musek maachen, léisst sech nämlech net an iergendeng Kategorie aklasséieren. Den David Wagner huet an den Album era gelauschtert a mam Gittarist Patrick, Violonist Fritz a Sänger Luc geschwat.

 AUDIO: De Reportage vum David Wagner. »

Eng zaart Gei, déi aggressiv jäizt, eng klassesch Gittar, vu Verzerrung besoff, ee strikt verspillte Rhythmus, e männleche Gesang, dee vu Weiblechkeet drëpst a mat senger Duussheet alles zerstéiert. Esou beschreiwe Kyrenee sech selwer an hirem Pressecommuniqué. Klengt bësse schizophren. Dee Begrëff wëll d'Band zwar net wierklech héieren, ma et passt iergendwéi, well si vill Géigesätz an der Musek hunn, wéi och de Sänger Luc an de Gittarist Patrick betounen ...

Et ass also eng interessant Mëschung déi Kyrenee maachen, an déi et an där Form nach net wierklech gëtt. Deemno kritt een aus puer Museksrichtungen eppes gebueden. Mol normalen duusse Gesang, souwuel männlechen wéi weiblechen, mol aggressiv growls. An och wann déi eenzel Instrumenter aus verschiddene Museksstiler kommen, sou passen se dach iergendwéi gutt beieneen.

Dofir loosse sech Kyrenee net wierklech kategoriséieren ...

2002 hu Kyrenee sech gegrënnt. Zënterhier hu si eng Rëtsch Concerte ginn a stoungen 2005 esouguer an der Halleffinale vum Emergenza. Well awer dunn d'Unisjore koumen, war et méi roueg ginn ëm d'Band. Eng richteg CD ze maache war dofir ni dran. Ma déi hunn si awer lo raus bruecht, den 11. November an der Kufa. Dofir besteet de ganzen Album, dee sech Insorcism nennt aus Stécker, déi iwwert déi lescht 10 Joer gesammelt goufen.

Insorcism - dat Wuert gëtt et u sech net, ausser an enger Story vum Fantasy Schrëftsteller Terry Pratchett. An awer huet et iergendwéi Sënn. Et bedeit nämlech quasi de Géigendeel vun Exorcism, also Exorzismus ...

Fir d'CD bëssen ze promoten hoffen déi 7 natierlech lo e gudde Koup Concerten ze spillen. Genee Rendezvouse ginn et awer nach net. Ofgesi vun engem. Si sinn nämlech an der nächster Editioun vun der renoméierter däitscher Metal-Zeitung Legacy vertrueden, déi dëser Deeg eraus kënnt.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!