Anonymous, Arcelor Mittal, Hacker, Hackerethik a Sécherheet

RTL - 11.01.2012, 12:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.01.2012, 12:13

Déi lescht Woch ass den Internetsite vun Arcelor-Mittal vun Anonymous gehackt ginn. Den Hackergrupp wollt domat géint d'Politik vum Stolris protestéieren.

© AnonymousAuteur: Gérard Floener
Engersäits mécht Arcelor-Mittal uerdentlech Benefice, anerersäits solle Wierker (wéi dat zu Léck) zougemaach ginn, wouduerch knapp 5000 Mënschen hir Plaz verléieren. Et wor net déi éischt Aktioun, mat där Anonymous vu sech schwätze gedoen huet. Iwwerall op der Welt ass dee Grupp aktiv.

Foto: C3L


Och zu Lëtzebuerg gëtt et Hacker, ouni datt déi onbedéngt eppes mat Anonymous mussen ze doen hunn. Si treffen sech am Hackerspace zu Stroossen, a sinn am Chaoscomputerclub Lëtzebuerg, dem C3L organiséiert. Zwee Membere vum C3L, de Jan Guth an den Dennis Fink hu sech natierlech fir deen Hack op d'Säit vun Arcelor-Mittal interesséiert...

 Dee ganzen Interview mam C3L. »