Maurice Clement - 6. Januar 2012

RTL - 04.01.2012, 17:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.04.2012, 17:21

„Free“ - kloer an däitlech beschreift den Titel vum Concert, wat de Pianist an Organist Maurice Clement den Owend am CAPE zu Ettelbréck spillt.

Eng fräi Improvisatioun, wou hie sech vum Ament a vun der Stëmmung an der Ambiance dreiwe léisst.

D'Fräiheet vum Museker, dee sech net vun Nouten a Partiture wëll aschränke loosse, mä seng eege Kreativitéit a Inspiratioun wëll liewen a matdeelen. Mee egal ob mat Virlag oder ouni - fir de Maurice Clement ass d'Musek säi Liewen.