Donneschdeg, 02. September 2010

Beschtens ugepasst! Wéi eng Funktioun huet…?


Kierpermierkmoler vu Liewewiesen ginn duerch d’natierlech Selektioun beaflosst, sou datt sech verännert, besser ugepasste Mierkmoler no a no duerchsetze kënnen. Dëse Phänomen nennen d’Evolutiounsbiologen Adaptatioun oder Upassung.

Upassunge kënn ganz ënnerschidlech sinn. Esou kann et e Verhale sinn, dat engem Déier hëlleft sengem Friessfeind besser ze entgoen; eng Protein, déi bei normaler Kierpertemperatur besser funktionéiert oder eng Verännerung am Kierperbau, déi hëlleft, nei Nahrungsressorcen besser ze notzen.

Esou Upassungen kënnen heiansdo immens spektakulär sinn.

Am Kader vun der aktueller Ausstellung „Evolution up-to-date“ präsentéieren den ’natur musée’ an RTL elo all zwou Wochen op hire jeeweilegen Internetsiten esou eng Upassung, sief et aus dem Déieren- oder Planzeräich. Maacht mat beim Concours a probéiert erauszefannen, firwat dës Upassung gutt ass a wéi eng Funktioun si huet.

D’Léisung gëtt et dann op rtl.lu an um Radio

Beschtens ugepasst! Mä u wat a firwat? »

«<  1 / 2 > »
Stär vu Madagaskar
24.02.2010, 15:06

Firwat huet de Stär vu Madagaskar (Angraecum sesquipedale), eng Orchidee op dëser grousser Insel esou e laange Sporn. Dee miesst ongeféier 30 cm. Den Charles Darwin hat iwregens eng Erklärung dofir, déi allerdéngs eréischt 30 Joer méi spéit bewise ginn ass. The illustration is by John ...

D'Hautfaarf
22.02.2010, 14:28

Kuckt mol an de Spigel oder rondrëm Iech. Firwat hu mir déi Hautfaarf, déi mir eben hunn ? Ass et just eng Upassung un d’Sonnenstralung. Am Prinzip gëtt et eng Tendenz vu méi donkeler Faarf an de südleche Länner an enger méi heller Haut méi nördlech. Mä wéi erkläert sech do ...

De Réngelschwanz vum Schwäin
20.01.2010, 17:38

E gesäit witzeg aus, mä huet en och eng Funktioun ? Wa jo, wéi eng?Déi richteg Äntwert vum Quiz ass:De Réngelschwanz huet keng Funktioun. Hien erkläert sech just als en Iwwerbleibsel vun engem Schwanz, dee bei senge Virfaren schonns do war. Net all Kierpermierkmol ass eng Upassung.

Giraff
04.01.2010, 10:04

De laangen Hals vun der Giraff ass ee vun de Klassiker an der Evolutiounsbiologie, wann et ëm Upassunge geet. D'Erklärung vum laangen Hals ass jo evident, sot Dir. Ma, net onbedéngt! Firwat huet d'Giraff dann elo e laangen Hals? Déi richteg Äntwert vum Quiz ass: Et gouf ëmmer ugeholl dat ...

Chrëschtstär
09.12.2009, 10:00

D’Héichblieder vun der Poinsettie (oder passend zur Joreszäit: Adventsstär, Chrëschtstär) si rout, net greng. Firwat? Déi richteg Äntwert vum Quiz ass:  1) Poinsettie gett künstlech enger Donkelphase ennerzun esou dass Blieder roud gin (dest lakelt och Insekten un)!2) Daat...soll hier ...

«<  1 / 2 > »

Mailt eis d'Léisung vum Quiz

  Mann Fra
Numm* :
Virnumm* :
Lokalitéit* :
Telefon :
Handy :
E-Mail* :
D'Léisung*
Meng Donnéeë si richteg an ech sinn domatter averstanen dass dëse Formulaire verschéckt gëtt. (Kase uklicke w.e.g.!)



* All Felder mussen obligatoresch ausgefëllt ginn!