CHL

Serien

  • Summerserie CHL

    02.09.2017, 09:15

    Et ass eng Platz déi d'Leit éischter mat negativen Gedanken verbannen. Déi meescht vun eis souzen op d'mannst schonn eemol an der Urgence vun engem Spidol. Am CHL passéieren an der Moyenne eng 200 Leit den Dag wann d'Klinik Garde huet, ronn 14% dovun ginn uschléissend hospitaliséiert. Mee wéi gëtt d'Prise en Charge iwwerhaapt gehandhaabt an wat sinn d'Ziler vum Spidol wat d'Urgencen betrëfft? D'Claudia Kollwelter krut en Abléck an d'Fonctionnement vun enger net ëmmer evidenter Aarbecht...

  • Summerserie CHL

    01.09.2017, 10:45

    12 000 chirurgesch Interventiounen ginn d'Joer am CHL gemaach. An fir 3 dovun war d'Claudia Kollwelter fir eis net nëmmen um bloc opératoire mat dobäi mee och am Operatiouns Sall selwer:

  • Summerserie CHL

    31.08.2017, 09:30

    Zanter engem gudde Joer ass se op, déi nei Maternité zu Stroossen. Net nëmmen d'Raimlechkeeten si modern, an der Zäit ugepasst, och wat d'Prise en Charge ugeet versicht een a verschidde Beräicher nei Weeër ze goen. Während déi meescht d'Maternité mat Accouchementer associéieren, geet d'Aarbecht awer wäit doriwwer eraus. D'Claudia Kollwelter huet engersäits mat enger Doktesch geschwat déi versicht Fraen de Kannerwonsch ze erfëllen, anersäits mat enger Infirmière déi an der Klinik vun der Ménopause schafft.

  • Summerserie CHL

    30.08.2017, 10:45

    1500 verschidde Medikamenter op ronn 800m2 - datt sinn nëmmen e puer Chifferen vun der interner Apdikt vum CHL. Um Minus 1 vum Spidol verstoppen sech awer net nëmmen eng helle Wull u Medikamenter, hei gëtt och de Kascht fir d'Patienten an d'Personal preparéiert, Claudia Kollwelter

  • Summerserie CHL

    29.08.2017, 09:30

    Tëscht 70 an 90 Patienten passéieren den Dag op der Unitéit vun der Chimiotherapie am CHL. Déi eng sinn nëmmen fir e kuerzt Traitement vun ënnert enger Stonn do, anerer verbréngen bis zu 4 Stonnen um Stack. Mir huelen Iech d'ganz Woch hei op der Antenne mat an d'Spidol zu Stroossen an werfen e Bléck hannert d'Kulissen. Zanter Januar huet déi nei technesch Unitéit vun der Chimiotherapie hir Dieren op, wou 14 Patienten zu der selwechter Zäit kënnen traitéiert ginn. D'Claudia Kollwelter war e Moie laang op der Unitéit an iwwerrascht wéi vill Leit een do begéint.