-
An 100 Sekonnen: Fritz Haber
13.10.2018, 06:15Virun 110 Joer huet den däitsche Chemiker Fritz Haber ee Patent ugemellt, mat deem hien engersäits ville Mënschen d'Liewe konnt retten, anerersäits awer och vill Mënschen d'Liewe kascht huet.
-
100 Sekonnen: Oskar Lafontaine
16.09.2018, 08:15Haut feiert den däitsche Politiker, fréiere Ministerpresident vum Saarland an Ex-SPD-Kanzlerkandidat Oskar Lafontaine säi 75. Gebuertsdag. Den Eric Ewald mat engem Portrait
-
An 100 Sekonnen: Tarzan stellt Weltrekord op
09.07.2018, 06:10Den 9. Juli 1922 brauch den amerikanesche Sportler an Akteur Johnny Weissmüller fir 100 Meter Crawl 58,6 Sekonnen. Dat hat nach keen bis dato gepakt
-
An 100 Sekonnen: Brasilien 1958 Weltmeeschter
29.06.2018, 06:1060 Joer geet et zréck a Schweden, do gouf deemols d'Football-WM tëscht dem 8. an de 29. Juni gespillt. Gewonnen hat deemools Brasilien an spéitstens no der Finall géint Schweden, wousst jidderee ween de Pelé ass. 17 Joer hat hien deemools an konnte mat deem Ausnametalent konnt dat südamerikanescht Land säin éischte Weltmeeschtertitel mat heem huelen. 5:2 war dës Partie ausgaangen.
-
An 100 Sekonnen: Christopher Street Day
28.06.2018, 19:45De Christopher Street Day geet op den 28. Juni 1969 zréck an deen Dag gouf an d'Liewe geruff fir géint d'Diskriminéierung an Ausgrenzung vun Homosexuellen, Bisexuellen an Transgender ze demonstréieren. Vu Christopher Street Day schwätzt ee virun allem an den däitschsproochege Länner an den anere Länner seet een entretemps Gay Pride oder Pride Parades.
-
An 100 Sekonnen: Christopher Street Day
28.06.2018, 06:10De Christopher Street Day geet op den 28. Juni 1969 zréck an deen Dag gouf an d'Liewe geruff fir géint d'Diskriminéierung an Ausgrenzung vun Homosexuellen, Bisexuellen an Transgender ze demonstréieren. Vu Christopher Street Day schwätzt ee virun allem an den däitschsproochege Länner an den anere Länner seet een entretemps Gay Pride oder Pride Parades.
-
An 100 Sekonnen: Jeanne d'Arc gëtt verbrannt
30.05.2018, 06:101431 gëtt zu Rouen d'Jeanne d'Arc verbrannt; dat Baueremeedchen, dat am Frankräich géint d'Englänner gekricht hat. Wat seet d'Geschicht haut iwwer d'Jeanne d'Arc?
-
An 100 Sekonnen: 50 Joer ''2001 A Space Odyssey''
06.04.2018, 06:10Den American Film Institute hat dëse Film virun 10 Joer op Plaz 1 vun de beschte Science-Fiction-Filmer vun allen Zäite gewielt. D'Handlung ass net einfach erëm ze ginn, mat et wier e Film vum Virowend vun der Mënschheet bis hin zu metaphysesche Welten, déi d'Grenzen vum Onendleche sprengen. A Quantespréng gesäit een d'Entwécklung vun der Mënschheet.
-
An 100 Sekonnen: Weltwaasserdag
22.03.2018, 06:10Zanter 1993 gëtt et de Weltwaasserdag a gouf op der UN-Konferenz fir Ëmwelt an Entwécklung zu Rio de Janeiro an d'Liewe geruff an huet ëmmer méi u Bedeitung gewonnen
-
An 100 Sekonnen: Looss-eis-laachen-Dag
19.03.2018, 06:10Net ze verwiessele mam Weltlaachdag, deen de 6. Mee ass. Mat deem Dag soll och de Weltfridden ugeschwat ginn. Haut gëtt carrément d'Laache gefeiert!
-
An 100 Sekonnen: St. Patrick's Day - Fun Facts!
17.03.2018, 06:10St. Patrick's Day ass eppes wat och ëmmer méi an eis Géigend kënnt. Mëttlerweil feiere mer den iresche Feierdag och hei zu Lëtzebuerg. Mol mat méi oder manner Gréng. Fir vill Leit spillt dat zu spéider Stonn dann och keng Roll méi. Et ginn der vill déi zu méi spéider Stonn keen Ënnerscheed méi tëscht Gréng a Blo maachen. Laurent Gillander.
-
An 100 Sekonnen: Gebuertsdag vum Bobby Fischer
09.03.2018, 19:15Loscht op eng Partie Schach? An dat direkt mat engem Weltmeeschter, dee viru 75 Joer zu Chicago gebuer gouf, an dee sech leider duerch seng antiamerikanesch an antisemitesch Äusserungen och an de Veruff bruecht hat
-
An 100 Sekonnen: Gebuertsdag vum Bobby Fischer
09.03.2018, 06:10Loscht op eng Partie Schach? An dat direkt mat engem Weltmeeschter, dee viru 75 Joer zu Chicago gebuer gouf an dee sech zulescht duerch seng antiamerikanesch an antisemitesch Äusserungen an de Veruff bruecht hat
-
An 100 Sekonnen: 1853 Uropféierung vun ''La Traviata''
06.03.2018, 06:10Haut genee virun 165 Joer gëtt dem Giuseppe Verdi seng Oper La traviata zu Venedeg uropgefouert a fält beim Public duerch.
-
An 100 Sekonnen: Geschwëster Scholl higeriicht
22.02.2018, 13:10Haut sinn et op den Dag genee 75 Joer, dass den Hans an d'Sophie Scholl higeriicht goufen. D'Marie Gales erënnert un zwou wichteg Symbolgestalten am Widderstand géint den NS-Regime
-
An 100 Sekonnen: Geschwëster Scholl higeriicht
22.02.2018, 06:10Haut sinn et op den Dag genee 75 Joer, dass den Hans an d'Sophie Scholl higeriicht goufen. D'Marie Gales erënnert un zwou wichteg Symbolgestalten am Widderstand géint den NS-Regime
-
An 100 Sekonnen: Gebuertsdag vum Nina Simone
21.02.2018, 06:1085 Joer hätt déi amerikanesch Sängerin haut kritt, déi mam biergerlechen Numm Eunice Kathleen Waymon a North Carolina gebuer gouf
-
An 100 Sekonnen: Weltdag vun der Sozialer Gerechtegkeet
20.02.2018, 06:102009 gouf dësen Aktiounsdag vun der UNO an d'Liewe geruff fir un déi sozial Gerechtegkeet an alle in Communautéiten appelléieren
-
An 100 Sekonnen: Random Acts of Kindness Day
17.02.2018, 09:15Waart der haut scho fein? Nee? da gëtt et héich Zäit, well haut ass den Dag fir spontan einfach mol léif ze sinn, den amerikanesche Random Acts of Kindness Day....
-
An 100 Sekonnen: Random Acts of Kindness Day
17.02.2018, 06:10Waart der haut scho fein? Nee? da gëtt et héich Zäit, well haut ass den Dag fir spontan einfach mol léif ze sinn, den amerikanesche Random Acts of Kindness Day....