Mee 1968

50 Joer Mee '68

  • BD vun der Woch: Sous les pavés

    22.05.2018, 16:15

    Mee '68, dat ass natierlech och ee Sujet laanscht deen d'Bande Dessinée net kënnt. Am Album "Sous les pavés" lossen den Eric Warnauts an de Guy Raives d'Evenementer vu viru 50 Joer nach eemol opliewen.

  • Serie 'Mee 68' - Deel VI

    12.05.2018, 13:15

    Wat huet d’Joer 1968 Lëtzebuerg bruecht? Mee’68, dat ass e Begrëff dee fir en Ëmkrämpele vun der Gesellschaft steet a vu Paräis iwwer Berlin, Frankfurt, New York, Roum, Prag, Rio, Mexico City, Warschau… also queesch iwwer de Globus. Lëtzebuerg huet och gelëft a gebrach mat alen agesiessen Traditiounen.

  • Serie 'Mee 68' - Deel V

    10.05.2018, 12:15

    50 Joer sinn et hir, dass d'Studenten a Frankräich op d'Barrikade gaange sinn. Och Lëtzebuerg hat säi Streik. Kee mat Paweeën déi duerch d’Luucht geflu si wéi zu Paräis, awer mir haten hei am Land Schüler déi sech eppes getraut hunn. Jonker déi eng Zeitung erausginn hunn déi och haut nach oséiert wier an déi gestreikt hunn, zu enger Zäit wou Lëtzebuerg nach prüd a streng war.

  • Serie 'Mee 68' - Deel IV

    10.05.2018, 08:15

    68er Revolt zu Lëtzebuerg. Wat war an där rauer Zäit bei eis am Land lass, an där Ära wou Studenten an Aarbechter Frankräich fir 3 Woche brooch geluecht hunn? Do, wou d’Leit op der ganzer Welt op d’Stroosse gaange sinn. Déi Period, wou Changementer déi kapitalistesch westlech Welt gepräägt hunn, grad ewéi d’Warschauer-Pakt-Staaten oder wéi Drëtt Welt a Latäinamerika, Afrika an Asien. Eng Serie vum Michelle Reiter.

  • Serie 'Mee 68' - Deel III

    09.05.2018, 08:40

    50 Joer sinn et hir. D’Joer 1968 steet fir eng Revolte, fir en Ëmbroch an der Gesellschaft, obwuel déi '68' éischter e Begrëff ass fir eng méi grouss Zäitspan. Weltwäit ass de Wonsch no Fridden, méi Fräiheet a virun allem Gerechtegkeet ëmmer méi grouss ginn. All Land hat aner Plazen wou de Schong gedréckt huet, a woufir am Endeffekt d’Revolten un d’rulle koumen. Och an Däitschland, Michelle Reiter, sinn d’Studenten op d’Strooss gaang.

  • Serie 'Mee 68' - Deel II

    08.05.2018, 12:15

    50 Joer sinn et hir, dass d'Jugend sech gewiert huet. Dat magescht Joer ’1968’, speziell, wéi et bei de Fransousen heescht de ’Mai 68’. Eng Revolt, e Streik, Brutalitéit. D'Michelle Reiter hëlt Iech mat op Paräis.

  • Serie 'Mee 68' - Deel I

    07.05.2018, 17:10

    Mee ’68. 50 Joer sinn et entretemps. Dobäi steet den Ausdrock ’Mee 68‘ fir méi wéi fir ee Mount an ebe genee deem Joer. Dofir och eng kleng Serie iwwer d’Revolt, déi scho virdrun ugaange war, an déi bei eis am Land eréischt Ufank de 1970er ausgebrach ass. E Reportage vum Michelle Reiter.

  • Freides Invité: André Hoffmann

    04.05.2018, 12:10

    Zwee Datumer, déi d'Welt politesch a gesellschaftlech am 20te Joerhonnert verännert hunn, feieren dëser Deeg e ronne Gebuertsdag: virun 200 Joer koum den däitsche Philosoph Karl Marx zu Tréier op d'Welt a viru 50 Joer hunn zu Paräis d'Studenterevolten ugefaangen. Wat hunn dës zwee Evenementer konkret bewierkt a wat ass an eiser Zäit dovunner hänke bliwwen? De fréiere Philosproff a Politiker André Hoffmann hat mat béiden Theme ze dinn. Hien ass dës Woch eise Freides Invité tëscht 12 an 1.