Examen

Examen

  • Keen negative Stress am Examen

    21.05.2018, 15:45

    Wéi opgereegt war Dir da fir Première oder Treizième Examen? Dës Schüler sti kuerz virdrun. An 10 Deeg geet et lass. De Stress hält sech nach a Grenzen.... CUT: MT Opreegeung   (kanns Du dës Zeil w.e.g. eraushuelen a publish drécken, soubal s Du se fäerdeg gelies hues bas) Stress ka positiv sinn an den néidegen Driff ginn, ze vill ass awer net gutt. Riskéiert am Examen souguer Blackout ze provozéieren. Den Albdram vun all Schüler! Wéi kann een dës Situatioun evitéieren? D'Raphaëlle Dickes huet sech fir all déi schlau gemaach, déi lo no der Päischtvakanz an den Ofschloss Examen vum Secondaire mussen untrieden.

  • Déi richteg Ernährung fir d'Examenszäit

    20.05.2018, 16:30

    Brainfood, dat brauchen d'Schüler, déi virun den Ofschloss Examen am Secondaire stinn elo. Obwuel déi mannst wahrscheinlech all ze grousse Wäert op hir Ernährung leeën, kënne gewësse Liewensmëttel den Energie Pegel optimiséieren, der Konzentratioun op d'Spréng hëllefen oder d'Nerve berouegen. Wéi eng dat sinn a firwat ëmmer nees gepriedegt gëtt, et sollt ee genuch drénken, verréit eis d'Raphaëlle Dickes zesumme mat der Diététicienne Danielle Bernard

  • "Léier-Pëllen" fir an den Examen?

    17.05.2018, 17:10

    De Première Examen ass fir vill Schüler eng Ausnahme Situatioun: déi éischte Kéier wou se esou grouss a wichteg Epreuven hunn. Do brauch een Energie fir iwwer e puer Wochen duer ze halen, konzentréiert ze schaffen an d'Nerven net ze verléieren. Mat der richteger Ernährung kann ee sech weiderhëllefen, dat hu mer am Reportage um 12h15 héieren. An och Léier Tricker a Stress Bewältegung si wichteg. Verschidde Schüler ënnerstëtze sech zousätzlech mat Léier Pëllen aus der Apdikt. Wat an deene Produkter eigentlech dran ass, wéi se wierken a wourop ee muss oppassen, huet d'Raphaëlle Dickes nogefrot.

  • Keen negative Stress am Examen

    17.05.2018, 15:45

    Wéi opgereegt war Dir da fir Première oder Treizième Examen? Dës Schüler sti kuerz virdrun. An 10 Deeg geet et lass. De Stress hält sech nach a Grenzen.... Stress ka positiv sinn an den néidegen Driff ginn, ze vill ass awer net gutt. Riskéiert am Examen souguer Blackout ze provozéieren. Den Albdram vun all Schüler! Wéi kann een dës Situatioun evitéieren? D'Raphaëlle Dickes huet sech fir all déi schlau gemaach, déi lo no der Päischtvakanz an den Ofschloss Examen vum Secondaire mussen untrieden.

  • Déi richteg Ernährung fir d'Examenszäit

    17.05.2018, 12:15

    Brainfood, dat brauchen d'Schüler, déi virun den Ofschloss Examen am Secondaire stinn elo. Obwuel déi mannst wahrscheinlech all ze grousse Wäert op hir Ernährung leeën, kënne gewësse Liewensmëttel den Energie Pegel optimiséieren, der Konzentratioun op d'Spréng hëllefen oder d'Nerve berouegen. Wéi eng dat sinn a firwat ëmmer nees gepriedegt gëtt, et sollt ee genuch drénken, verréit eis d'Raphaëlle Dickes zesumme mat der Diététicienne Danielle Bernard

  • Déi beschte Léier Tipps virum Examen

    17.05.2018, 07:20

    E Méindeg no der Päischtvakanz gi se lass: d'Première an Treizième's Examen. Fir di meeschte Schüler ass et déi éischte Kéier, datt se souvill Matière beieneen léiere mussen. A munch een huet lo eng elle Vakanz viru sech mat villem gedrumms. D'Raphaëlle Dickes huet déi beschten Tipps gesammelt fir elo nach emol richteg un ze rappen.