Logement

Logement

  • Wat fir Käschte fale beim Kaf/Verkaf vun enger Wunneng un?

    18.10.2018, 13:45

    Den néidege Budget, fir eng eege Wunneng ze kafen, ass haut héich wéi ni. Nieft dem Kafpräis komme fir de Keefer awer nach aner Käschten dobäi. An och de Verkeefer muss nach heiansdo eppes bezuelen. D'Raphaëlle Dickes iwwer déi haapt Fraisen, déi beim Kaf oder Verkaf vun enger Immobilie ufalen.

  • Check-Lëscht beim Kaf an enger Co-Proprietéit

    17.10.2018, 11:40

    D'Sich no enger eegener Wunneng kann heiansdo richteg laang daueren. Wann een da bis dat richtegt Appartement fonnt huet, wou Gréisst, Ausriichtung, Zoustand Lag a Präis stëmmen, gëtt et nach ee leschte Punkt deen een onbedéngt iwwerpréiwe sollt, ier een ënnerschreift.

  • Wourop muss ech oppassen, wann ech eng Wunneng kafen?

    11.10.2018, 08:40

    Eng eege Wunneng kafen, dat ass bekanntlech fir vill Leit e ganz wichtegt Thema. An dacks och dat gréisst finanziellt Investissement, dat een am Liewe mécht. Ëmsou méi sollt een Uecht dinn, dass ee sech net verkeeft.

  • Wourop muss ech oppassen, wann ech mat enger Immobilien Agence verkafen?

    10.10.2018, 17:10

    E Samschdeg geet an der Luxexpo The Box d'Home and living Foire op. Am Virfeld interesséiere mer eis dofir, wourop een oppasse muss, wann een eng nei Wunneng keeft, oder verkeeft. Haut geet et drëms, wat ee sech als Verkeefer vun enger Immobilien Agence erwaarde kann. A wat ee berücksichtege muss.

  • Wourop muss ech oppassen, wann ech meng Wunneng verkafen?

    09.10.2018, 08:40

    Ëm déi 3% vum Verkafspräis kascht et mech als Proprietär wann ech meng Wunneng iwwer eng Immobilien Agence verkafen. Bei engem Haus vun 800.000€ zum Beispill, wären eng 24.000€. Kee Wonner, dass deen een oder aneren iwwerleet, säin Objet selwer ze verkafen. Mee ass dat wierklech esou einfach a wourop sollt een oppassen?