Logementsdag

Déi eege 4 Wänn, dat eegent Haus, fir vill Lëtzebuerger eng Realitéit.
Fir anerer bleift et en Dram, oder ass et iere schonn e konkrete Projet ?

Dir hutt Froen zum Thema Logement, RTL hëlleft Iech Äntwerten ze kréien. Den 20te Februar um Dag vum Logement.
Staatlech Hëllefen, Energie Berodung, bauen, Plangen, Autorisatiounen, Finanzement.
Schéckt eis elo schonn är Froen op den rtl.lu eran.

Den 20te Februar stinn Iech Experte riet an Äntwert. Den Dag vum Logement hei op RTL an an der City Concorde.


Radio Reportagen

  • Themendag: Logement (9)

    20.02.2018, 15:30

    Formulairen fënnt een der bestëmmt en Masse um groussen Logementsdag an der City Concorde. Et fënnt een awer och déi richteg Leit déi engem beim ausfëllen hëllefen, an dat ass jo dat wat zielt.

  • Themendag: Logement (7)

    20.02.2018, 13:20

    Lounen ass eng Saach. Kafen eng aner. Dat wëll alles iwwerluet sinn, d'Décisioun ka keen engem ofhuelen awer t'ass ni schlecht wann een mat de richtegen Beroder driwwer schwätzt an déi sinn bis den Owend 18h00 an der City Concorde.

  • Themendag: Logement (6)

    20.02.2018, 12:15

    d'Géigend wou ee wunne geet ass deene meeschten net egal, awer jiddereen géif och gären spueren wann e baut oder loune geet ass en aneren wichtegen Punkt. An do hëllefe mer haut an der City Concorde mat enger ganzer Armada vun Experten déi all just drop waarden Iech behëlleflech ze sinn.

  • Themendag: Logement (5)

    20.02.2018, 11:10

    Endlech doheem eraus. An dann d'Fro bauen oder lounen. A virun allem mat wat? Wat kréien ech geléint? Dat sinn e puer Froen wou d'Experten um Dag vum Logement an der City Concorde Iech berode wëllen. d'Decisioun muss dir da schonn selwer huelen.

  • Themendag: Logement (4)

    20.02.2018, 10:30

    Mir sichen haut dass der en Dach iwwer de Kapp kritt. Am beschten och nach een deen Iech gefält an nawell net ze deier ass. Wéi mer d'Enner do beieneen kréien fënnt een op der Foire vum Dag vum Logement an der City Concorde eraus.

  • Themendag: Logement (3)

    20.02.2018, 09:40

    Am drëtten Trimester 2017 sinn d'Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der nämmlechter Period 2016 em 4,9% geklomme. Datt huet de Statec vrun enger Woch gemellt. Bei engem Appartement leit een bei 5.000€/m2, en Haus sin 650.000€ an eng Garage 42.000€. Um Dag vum Logement kréie mer d'Präisser bestëmmt net gedréckt an awer wëlle mer alles erausschloen a kucken op ee net vläit e klenge Subside ze gutt huet oder oder oder

  • Themendag: Logement (2)

    20.02.2018, 08:40

    Bis den Owend 18h00 hu mer an der City Concorde all déi Service invitéiert déi a Fro kommen wann der demnächst drun denkt Bauhär ze ginn oder eppes renovéiere wëllt. Dir kënnt natierlech är Froen eran telephonéieren wéi de Steve vun Esch, deen elo zanter kuerzem beim Staat schafft an elo doheem eraus wëll.

  • Themendag: Logement (1)

    20.02.2018, 07:20

    Haut ass den Dag vum Logement hei op RTL. Mat anere Wieder, wann der demnächst wëlles hutt ze bauen oder ze renovéieren ass elo de Moment fir an der City Concorde bis laanscht ze goen, well do fann der op 18 Stänn all déi Servicer déi wichteg sinn, an déi Iech eventuell och hëllefe kënnen vill Suen ze spueren.

  • RTL Logements-Dag (11)

    16.02.2017, 17:10

    Kafen oder Lounen? Spueren, Schold maachen a Subside kréien... Dat sinn déi haapt Themen déi d'Leit op eisem Logements Dag an der City Concorde beschäftegen.

  • RTL Logements-Dag (10)

    16.02.2017, 16:10

    ween dreemt net vun engem eegenen Doheem? selwer Propriétaire sinn ass awer net fir jideree méiglech. Genuch Sue fir e Loyer opbrengen souguer heiansdo schwiereg. abee och fir esou Situatiounen ginn et um Logementsdag Léisungen. 

  • RTL Logements-Dag (9)

    16.02.2017, 15:10

    Déi meescht vun eis déi en Haus, eng Wunneng kafe wëllen, musse fir d'éischt mol gutt spueren an dann e Prêt ophuelen. Dacks op 30 Joer. En Thema dat vill vun eisen Nolauschterer beschäftegt. Esou och dës Damm déi no Alternative sicht, dass déi jonk Leit net esou vill eege Kapital solle musse matbréngen fir e Prêt ze kréien.

  • RTL Logements-Dag (8)

    16.02.2017, 14:10

    Kafen oder éischter lounen? Haus oder Wunneng? Dacks ass et eng Fro vu Budget, awer net nemmen! Haut um RTL Logementsdag an der City Concorde hutt Dir d'Gelëeenheet Iech op enger eenzeger Plaz bei der Bank, den Architekten, dem Kadaster an alle wichtegen Acteuren aus dem Secteur ze informéieren fir de Maximum aus Ärem Projet ze zéien.

  • RTL Logements-Dag (7)

    16.02.2017, 13:10

    En Haus, eng Wunneng bauen oder kafen, dat ass eng wichteg Entscheedung, mat ville Méiglechkeeten, wann ee se da kennt... A genee dofir hu mir haut um RTL Logementsdag vum Notaire iwwer den Ordre des Architectes bis zu de Staatshëllefen all d'Acteure fir Iech an der City Concorde zesummegetrommelt.

  • RTL Logements-Dag (6)

    16.02.2017, 12:10

    Op kleng oder grouss, an der Stad oder um Land... d'Wënsch wou a wéi ee wëll wunnen, variéieren. Ma et ginn och Leit déi hu gewësse Contrainen, wéi zum Beispill Tessy Wies vun Tënten

  • RTL Logements-Dag (5)

    16.02.2017, 11:10

    Zu Lëtzebuerg wunnen, dat ass eng deier Geschicht. Net fir all Portemonnaie einfach esou méiglech. Et ginn awer och vill Méiglechkeeten, heiansdo souguer verstopptener. Déi wëlle mer haut um Logements Dag mat Hëllef vun eisen Experten opdecken. Dofir schalte mer an d'City Concorde bei eis Spezial Agentin Raphaëlle Dickes

  • RTL Logements-Dag (4)

    16.02.2017, 10:10

    En eegent Heem, dovunner dreemen déi allermeeschte Leit. Haut um Dag vum Logement, wëlle mir Iech dobäi hëlllefen dem Draam e bësse méi no ze kommen. An der City Concorde hu mer all d'Acteuren aus dem Secteur zesumme getrommelt fir Iech Ried an Äntwert ze stoen. Raphaëlle, ofgesi vun de Leit op der Plaz, kritt Dir och vill Post.

  • RTL Logements-Dag (3)

    16.02.2017, 09:15

    Um Telefon 1381 kenn der de ganzen Dag d'Experten aus dem Wunnengsbau erreechen. Déi ginn Iech awer och bis den Owend 18h00 Rendez-vous an der City Concorde fir Iech mat äre Pläng an Iddien déi der hutt sou gutt et geet ze hëllefen an z'ënnerstëtzen an de Vermëttler spillt d'Raphaelle Dickes.

  • RTL Logements-Dag (2)

    16.02.2017, 08:47

    Um 08h00 huet den Dag vum Logement an der City Concorde offiziell ugefaange a bis den Owend 18h00 héiere mer och zu all Stonn Echoen vun der Platz. Dir gitt also am beschten selwer bis dohin fir mat kompetente Fachleit ze schwätzen oder dir rufft un um 1381 an da gi mir är Froen un d'Raphaelle Dickes virun.

  • RTL Logements-Dag (1)

    16.02.2017, 07:20

    RTL huet dësen Donneschdeg zum Dag vum Logement ausgeruff an all Froen, déi sech do rondrëm stellen, versiche mir mat eisen Experten ze klären. Dir kënnt d'Fachleit uruffen iwwer eis Hotline 1381 oder nach besser selwer an d'City Concorde goen, wou méi wéi 15 verschidde Stänn opgebaut sinn.

  • RTL Logementsdag (9)

    25.02.2016, 17:10

    Wéini well dir dann d'Strauss feieren vun ärem neien Haus? Oder wéini hätt der gären de Schlëssel dass der är Frëndin oder är Braut an dat neit Appartement droe kennt. Da leit bei Iech well wann dir de richtege Partner bis hutt, de Recht regelt sech haut um Dag vum Logement an der City Concorde. 1 Stonn sinn déi 15 Stänn vun den Experten nach besat, an do sinn all wichteg Ulafplatzen vertrueden.