Alles iwwer Schockela

Schockela: Genoss, Emotiounen a séiss Momenter

  • Schockela (3): Recolte

    11.12.2018, 08:50

    E Stéck Liewensfreed offréiert ouni Zweiwel Kakao oder Schockela, well si gehéieren zu de klasseschen Delikatessen. "Cacahuatl" - d'Urform vum Kakao, hunn d'Maya a Mëttelamerika scho kannt, well schliisslech huet de Quetzalcoatl, de Gott vum Wand hinnen déi mysteriéis an nahrhaft Planz als Kaddo op d'Äerd geschéckt. Wéi aus där Planz herno de gudde Schockela erauskënnt, dat weess d'Michèle Schons

  • Schockela (2): Kakaosplanz

    06.12.2018, 13:10

    Léiwer e gudde waarme Schocki? Oder eng zaart Knippchen? Schockela gehéiert zemools elo fir d'Festdeeg op all Dësch... Déi séiss Delikatess ass souguer no Joerdausenden nach ëmmer e besonnesche Cadeau dee Freed mécht. D'Zoubereedung vun de Kakaosbounen zu Iess oder Drénkschockela baséiert op deenen ale Rezepter vun de südamerikaneschen Awunner. Dat hu mer am leschte Reportage schonn héieren, an haut kucke mer mol wat déi Theobroma iwwerhaapt fir eng Planz ass, Michèle 

  • Schockela (1): Historesches

    03.12.2018, 11:10

    Genoss, Emotiounen a séiss Momenter: Wëllkomm an der Welt vum Schockela. Well och elo d'Zäit ass, wou een alt mol esou e Stéckelchen am Schong, oder herno ënnert dem Beemche fënnt, proposéiere mer iech zweemol d'Woch e klenge Reportage iwwert de Schockela. Gesond ass en och, an anscheinend souguer scho méi al wéi mer mengen, Michèle?