De grousse Steiererklärungsdag

Den 31. Mäerz ass de Stéchdatum!

Mat RTL kritt der se mat Zäite fäerdeg.

  • Wat a wéi vill kann ech ofsetzen?
  • Wat bréngt d'Steierreform?

Op dës an aner Froe kritt Dir en Donneschdeg de 15. Mäerz d'Äntwerten.

Schéckt eis Är Froen vun hei eran an eis Experte stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Wann Dir perséinlech Berodung braucht, dann zéckt net a kommt de 15. Mäerz an der Belle Etoile laanscht.

D'Steiererklärung erkläert, de 15. Mäerz mat RTL.


Themendag: Steieren (2)

16.03.2017 - 08:40

Wéi kann ech vun de Steieren e Maximum zréck kréien? Dat ass eng Fro déi jiddereen interesséiert. dofir hu mer haut um Steier-Dag eng ganz Ekipp vu Comptabel zesumme getrommelt, déi Iech bei Äre Steierfroen weiderhëllefen. De Rendez-vous ass an eisem Steierbüro virun der Librairie Ernster an der Belle-Etoile ass schon eng kleng Traditioun. An do schalte mer elo direkt bei d'Raphaëlle Dickes
16/03/2017 Themendag: Steieren (2)

Wann Dir spezfiesch Froen hutt, da mellt IEch um 1381 fir mat eise Steierberoder ze schwätzen, schéckt eis eng mail oder gitt bei den Ernster an d'Belle Etoile. Bis de Mëtteg 17h ass eise Steierbüro op