De grousse Steiererklärungsdag

Den 31. Mäerz ass de Stéchdatum!

Mat RTL kritt der se mat Zäite fäerdeg.

  • Wat a wéi vill kann ech ofsetzen?
  • Wat bréngt d'Steierreform?

Op dës an aner Froe kritt Dir en Donneschdeg de 15. Mäerz d'Äntwerten.

Schéckt eis Är Froen vun hei eran an eis Experte stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Wann Dir perséinlech Berodung braucht, dann zéckt net a kommt de 15. Mäerz an der Belle Etoile laanscht.

D'Steiererklärung erkläert, de 15. Mäerz mat RTL.


Radio Reportagen

  • Steieren: Plus-value Ierfschaft

    15.03.2018, 17:15

    Är Steiererklärung optimiséieren, dat war Zil haut um RTL Steiererklärungsdag an der Belle-Etoile. Dass do e groussen Erklärungsbedarf ass, war net ze iwwerhéieren. Mir schalten eng leschte Kéier an eise Steierbüro bei d'Raphaëlle Dickes. Kommen eis Experten doduerch?

  • Steieren: wat ofsetzen vu verlounter Wunneng?

    15.03.2018, 16:40

    A gutt zwou Woche soll d'Steiererklärung agereecht sinn. Fir vill Leit eng corvée. Awer haut um RTL Steiererklärungsdag hëllefen eis Experten Iech duerch dee ganze Pabeierkrich. An natierlech äntwere se och gär op Är Froen. Dofir schalte mer elo an de Steierbüro an d'Belle-Etoile bei d'Raphaëlle Dickes

  • Themendag: Plusvalue bei Scheedung

    15.03.2018, 15:30

    D'Apdikteschkäschten déi d'Gesondheetskeess net iwwerhëllt, de Brëll, nei Zänn... kann een alles vun de Steieren ofsetzen, dat si mer di lescht Stonn gewuer ginn. an ech si sécher eis Experten aus dem Steierbüro an der Belle-Etoile hunn och elo nees gutt Tipps fir eis

  • Steieren: Amortissement Appartement an Uni

    15.03.2018, 14:30

    Steiere spueren, dat ass den Ament Tromp. A wéi kann een dat am beschte maachen? Dat wësse se an eisem Steierbüro an der Belle-Etoile

  • Steieren: Agentekommissioun

    15.03.2018, 13:10

    Akommes géint Fraisen. Dat ass d'Spill vun der Steiererklärung! An d'Regelen hu mat der Reform 2017 e bësselche geännert. Ëmsou méi wäertvoll ass et, sech haut um Steiererklärungsdag gratis Rot vun eisen Experten ze huelen.

  • Dir hutt d'Wuert Spezial: Steieren

    15.03.2018, 12:50

    Op eisem RTL Steiererklärungsdaag haten och d'Leit de Moien d'Geléenheet dem Finanzminister Pierre Gramegna steierlech Froen stellen, déi hinne schonn ëmmer um Häerz loungen. De Ben Frin war fir eis an der Belle Etoile op der Plaz fir d'Gespréich tëscht de Leit an dem Finanzminister ze moderéieren:

  • Steier: Kann een den Ausbau vum Haus ofsetzen?

    15.03.2018, 11:20

    Wéi oft hutt Dir d'Steiererklärung op der "to do" Lëscht schonn no hanne verréckelt? Well et awer eng lästeg oder komplizéiert Saach ass sech mat deem Formulaire, abattementen... erëmzeploen. Haut hutt Dir d'Geleeënheet Iech gratis hëllefen ze loossen. An zwar an eisem Steierbüro an der Belle Etoile. Dop hält d'Raphaëlle Dickes d'Stellung

  • Steieren: Photovoltaïque a Kanner op der Uni

    15.03.2018, 09:40

    Steiere abezuelen kann heiansdo och engem Spuerschwäin gläichkommen. Wann ee genuch Käschten d'Joer iwwer usammelt, ka bei der nächster Ofrechnung eng schéi kleng Zomm zréck op de Kont fléissen. Wat kann een dann alles ofsetzen? Dat wëssen eis Spezialisten am Steierbüro an der Librairie Ernster Belle-Etoile. 

  • Steieren: Hypothéiks Zënsen, Geriatrie Käschten

    15.03.2018, 08:40

    2017 huet déi nei Steierreform gegraff. De Formulaire vun 2016 als Virlag fir d'Steiererklärung 2017 huelen, geet also net méi esou einfach. Mee dofir stelle mir Iech haut an eisem Steierbüro an der Librairie Ernster an der Belle-Etoile eng Ekipp vu Profien zur Verfügung, déi Iech beim ofsetzen an ausfëllen hëllefen. 

  • Steieren: Indépendant + Auto ofsetzen?

    15.03.2018, 07:20

    Den 31te Mäerz ass den offizielle Stéchdatum fir d'Steiererklärung anzereechen. Zu wéi enger Zort Leit gehéiert Dir dann? Freet Dir Iech, well Dir wësst datt eppes zréck an d'Keess fléisst? Oder gitt Dir se réischt um allerleschte Stëppel of, well Dir d'Ofrechnung zevill fäert? Egal wéi: mir hëllefen Iech haut ofsetzen a spueren, wou et nëmme geet! An zwar an eisem Steierbüro an der Librairie Ernster an der Belle-Etoile. An do ass d'Raphaëlle Dickes de Moie fréi schonn um Dill

  • Themendag: Steieren (11)

    16.03.2017, 17:10

    De Moien ëm 7h30 ass eise Steierbüro beim Ernster an der Belle-Etoile opgaangen. Eng Dosen Comptabel hate sech Zäit geholl fir Iech bei der Steiererklärung ze hëllefen. Déi haten d'Hänn voll ze dinn, Raphaëlle

  • Themendag: Steieren (10)

    16.03.2017, 16:10

    Steieren nobezuelen, dat deet wéi! Mee et ka jo och aner déi aner Richtung goen, dass een eppes zréck kritt. Dorunner schaffe mer haut mat Iech an de sëlleche Fiduciairen, déi bereet waren eis hir Experten an de Steierbüro bei den Ernster an d'Belle-Etoile ze schécken. A genee do schalte mer elo hinn, well et geet an déi Virleschte Ronn. Raphaëlle

  • Themendag: Steieren (9)

    16.03.2017, 15:10

    Don'en, Assurancen, Zënsen, Bausparvertrag, Zousazpensioun... alles dat an nach vill méi kann ee vun de Steieren ofsetzen. De Stéchdatum vum 31te Mäerz réckelt méi no. Mir hëllefen Iech haut de Maximum aus Ärer Steiererklärung eraus ze zéien. Dofir schalte mer direkt eriwwer an eise Steierbüro an d'Belle Etoile. Do ass d'100 elo iwwerschratt, Raphaëlle

  • Themendag: Steieren (8)

    16.03.2017, 14:10

    Zanter de Moien Hallwer 8 ass eise Steierbüro beim Ernster an der Belle-Etoile op. Do gëtt emseg geschafft. Grad esou wéi eist Secretariat hei um Kierchbierg, dat Är E-mailen an Telefonsuriff zum Thema entgéint hëlt. Den Edy huet folgend Fro

  • Themendag: Steieren (6)

    16.03.2017, 12:10

    Laanscht zwou Saache kënnt am Liewen net: Stierwen a Steiere bezuelen? Woubäi mat de Steieren ass awer eppes ze maachen, fir se ze reduzéieren. Wat dat wëssen eis Experten aus dem Steierbüro beim Ernster an der Belle-Etoile. Raphaëlle

  • Themendag: Steieren (5)

    16.03.2017, 11:10

    Déi eng maache se gär, den anere stinn d'Hoer schonn zu Bierg wa se nëmmen drun denken: d'Steiererklärung! Ka jo u sech och e gutt Spuerschwäin sinn, wann ee sech domadder auskennt. Der Experten hu mer haut eng ganz Rei zesumme getrommelt an eisem Steierbüro beim Ernster an der Belle-Etoile. Raphaëlle, d'Martine vun Helleng huet eng Fro un Iech

  • Themendag: Steieren (4)

    16.03.2017, 10:10

    Den Stéchdatum réckelt ëmmer méi no. Bis den 31. Mäerz ass et net méi laang an dann ass et ëmmer gutt een ze kennen dee sech mat deem Formulaire auskennt. Mir loossen haut beim Ernster d'Experten en A iwwer är Steiererklärung geheien, oder vläicht ass et och schonn mat enger einfacher Fro gedinn.

  • Themendag: Steieren (3)

    16.03.2017, 09:15

    Steiere spueren, dat deet richteg gutt! Do ginn et och ganz vill Méiglechkeeten, et muss ee se just kennen! Dofir ass eise Steierbüro beim Ernster an der Belle Etoile haut zoustänneg, Raphaëlle, mir kruten hei eng Fro vum Cindy

  • Themendag: Steieren (2)

    16.03.2017, 08:40

    Wéi kann ech vun de Steieren e Maximum zréck kréien? Dat ass eng Fro déi jiddereen interesséiert. dofir hu mer haut um Steier-Dag eng ganz Ekipp vu Comptabel zesumme getrommelt, déi Iech bei Äre Steierfroen weiderhëllefen. De Rendez-vous ass an eisem Steierbüro virun der Librairie Ernster an der Belle-Etoile ass schon eng kleng Traditioun. An do schalte mer elo direkt bei d'Raphaëlle Dickes

  • Themendag: Steieren (1)

    16.03.2017, 07:20

    Et gëtt definitiv méi flott Saachen wéi eng Steiererklärung auszefëllen zemol wou haut d'Wieder och nach sou gutt gëtt, an awer sollen een déi Saach net op déi laang Bänk drécken, well eng Kéier muss een se souwisou maachen an haut kritt een och nach Hëllef vun eisen Experten.