De grousse Steiererklärungsdag

Den 31. Mäerz ass de Stéchdatum!

Mat RTL kritt der se mat Zäite fäerdeg.

  • Wat a wéi vill kann ech ofsetzen?
  • Wat bréngt d'Steierreform?

Op dës an aner Froe kritt Dir en Donneschdeg de 15. Mäerz d'Äntwerten.

Schéckt eis Är Froen vun hei eran an eis Experte stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Wann Dir perséinlech Berodung braucht, dann zéckt net a kommt de 15. Mäerz an der Belle Etoile laanscht.

D'Steiererklärung erkläert, de 15. Mäerz mat RTL.


Radio Reportagen

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 17:10

    Steiererklärung maachen - u sech net grad déi spaassegst Beschäftegung. Et sief dann et weess ee sech unzeleeën fir e Maximum ofzesetzen. Iech dobäi ze hëllefen, dat war haut d'Missioun vun eisem Steierbüro an der Belle-Etoile.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 16:10

    Hutt Der Bic a Blat parat? Well elo geet et nees an de Steierbüro, do ass et derwäert wéi a beschte Schoulzäiten Noten ze huelen. Da kann een nämlech munch Su spueren, Raphaëlle Dir gitt an an der Belle Etoile an déi lescht Ronn vum RTL Steierdag.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 15:10

    Hat dir och schonn de Courier vun der Steierverwaltung an der Boîte? An de Certificat vum Patron? Da gëtt et esou lues Zäit d'Steiererklärung auszefëllen. Haut mat der Ënnerstëtzung vun eise Comptabelen am RTL Steierbüro. Déi sinn nach ëmmer ganz gefrot.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 14:10

    Wat kënnt bei d'Charges extraordinaires, wéini sinn et dépenses spéciales? D'Steierklärung muss bis den 31te Mäerz ausgefëllt an ageschéckt sinn, mir hëllefen Iech dobäi mat eisem Steierbüro an der Belle Etoile.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 13:10

    Tricker a Spitzfindegkeeten géifen déi eng Leit gären vun eisen Steierexperten héieren. Déi aner wëllen einfach Hëllef bei hirem eidlen Formulaire. Beim Ernster an der Belle Etoile hu se haut net nëmmen en oppent Ouer awer och d'Äntwerten op all déi sëllechen Froen.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 12:10

    Laanscht zwou Saache kënnt am Liewen net: Stierwen a Steiere bezuelen? Woubäi mat de Steieren ass awer eppes ze maachen, fir se ze reduzéieren. Wat dat wëssen eis Experten aus dem Steierbüro beim Ernster an der Belle-Etoile. Raphaëlle

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 11:20

    Steieren - dat Wuert huet eng extrem negative Connotatioun! Déi meescht sinn der Meenung, dass se der ze vill bezuelen. Dofir ass d'Steiererklärung u sech eng Chance e Maximum zréck ze kréien. Mir hëllefen Iech haut dobäi an zwar um Steierdag.

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 10:10

    Den 31te Mäerz ass Stéchdatum fir d'Steiererklärung. Wann ee sech unzeleeë weess, kann een do richteg spueren. Dat hunn der vill verstanen, well eise Steierbüro bei der Librairie Ernster ass esou gutt besicht, datt ee mëttlerweil en Ticket zéie muss

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 09:15

    Steiere spueren, dat deet richteg gutt! Do ginn et och ganz vill Méiglechkeeten, et muss ee se just kennen! Dofir ass eise Steierbüro beim Ernster an der Belle Etoile haut zoustänneg, Raphaëlle, mir kruten hei eng Fro vun enger Nolauschterin, dem Linda erantelefonéiert

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 08:40

    Wéi kann ech vun de Steieren e Maximum zréck kréien? Dat ass eng Fro déi jiddereen interesséiert. dofir hu mer haut um Steier-Dag eng ganz Ekipp vu Comptabel zesumme getrommelt, déi Iech bei Äre Steierfroen weiderhëllefen. De Rendez-vous ass an eisem Steierbüro virun der Librairie Ernster an der Belle-Etoile. An do schalte mer elo direkt bei d'Raphaëlle Dickes

  • Steier-Dag

    15.03.2016, 07:20

    Et gëtt jo sou Saachen déi ëmmer nees gären op en aneren Dag verréckelt an méiglechst laang eraus zitt. d'Steiererklärung ausfëllen ass bei deene meeschten eng vun deene Saachen. Mir wëllen Iech haut Courage maachen dëse Formulaire esou lues auszefëllen well dir kennt jo och, wann et richteg gemaach ass, eng Partie Suen spueren.

  • RTL Steiererklärungsdag

    12.03.2015, 18:30

    Geschwënn ass se fälleg, d'Steiererklärung. Fir munch een eng Plo, stounge mir Iech haut dach mat eisem RTL Steierbüro a sëllechen Experten zur Säit, fir Är Erklärung ze optimiséieren. Eng éischt Editioun, déi nawell Succès hat, Raphaëlle Dickes

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 17:10

    Steierklärung ausfëllen, do graust et munch engem virdrun. Dofir hu mer haut e sëllechen Experten an den RTL Steierbüro invitéiert, déi Iech mat Rod an Dot zur Säit stinn. Do schalte mer elo hinn bei d'Raphaëlle Dickes, well d'Denise vu Jonglënster huet folgend Fro

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 16:10

    Wéini muss ech eng Steiererklärung maachen? Kann ech Dokterfrais'en déi net vun der Gesondheetskees iwwerholl ginn, ofsetzen? Wéi ass et mat Käschte fir d'Pfleeg vun den Elteren? Alles Froen, déi eis Experten am RTL Steierbüro haut beäntwert hunn. An et geet weider Raphaëlle mat enger Fro vum Danielle vu Réimech.

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 15:10

    Wou ginn ech gewuer, wat fir Dépensen ech iwwerhaapt vun der Steiererklärung ofsetze kann? Wat geschitt, wann ech falsch ausfëllen? Wéini mécht een eng Steiererklärung? Wéi ass et mat der Nohëllef fir d'Kanner?

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 14:10

    Wéi kann ech d'Assurance Solde restant dû vu mengem Prêt ofsetzen? Kann ech Laptop an aner Saachen déi ech fir d'Aarbecht brauch, vun de Steieren ofsetzen? Wéi ass et mat der Indemnité perte de funding?

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 13:10

    Kann een Unikäschten ofsetzen? Wéi ass et wann e Kand just nach e puer Méint vum Joer am Stod gelieft huet, kann een awer de volle Montant fir Assurance, BHW a co ofsetzen?

  • Steiererklärungsdag

    12.03.2015, 12:30

    Haut geet et op RTL ëm Är Steiererklärungen, well Enn des Mounts misste se jo dobanne sinn. Wat kann een ofsetzen, wou kann ee Sue spueren?

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 12:10

    Wat kann een ofsetzen, wann een en Appartement verlount? Oder en Haus baut oder keeft?

  • RTL aus dem Steierbüro

    12.03.2015, 11:10

    Kann ee Veterinärskäschten vun de Steieren ofsetzen? Wéi ass et wann ech eng Immobilie hunn, déi e puer Méint laang net verlount ass, kann een do eng Perte ofschreiwen? Wéi ass et wann een eng RMG Schold muss zréck bezuelen, ass dat ofsetzbar vun de Steieren?