112

112

  • Serie 112: Mam Sunarak Kimari iwwer d'Begeeschterung fir de Volontariat

    08.09.2017, 08:50

    De Sunarak Kimari ass e jonke Mënsch, dee net nëmmen erausstécht, well en e spezielle Numm huet. Am véierten a leschten Deel vun eiser Serie iwwer den 112 steet den Teenager carrément fir d’Zukunft vum Volontariat am Rettungswiesen. Begeeschterung fir ze hëllefen, Loscht neies ze léieren, fir besser ze ginn, vollen Asaz, an alles niewent Schoul an elo Uni. D’Monique Kater mat sengem Portrait.

  • Summerserie 112: Mam Paul Schroeder schwätzen mer iwwer d'Reform

    07.09.2017, 09:20

    An eiser Serie iwwer den 112 stelle mer iech haut e Personnage vir, deen d’Reform vun de Rettungsdéngschter net nëmme mat erlieft mee esouguer mat bestëmmt. Den Direkter Paul Schroeder kennt säin Handwierk, dat Positiivt an dat Negatiivt, weess awer och genee, ëm wat et eigentlech geet, wann een Ambulanz fiert, oder als Pompjee am Asaz ass: de Leit dobaussen hëllefen! Fir hien ass dobäi och eppes kloer: ouni Fräiwëlleger geet et net! E Reportage vum Monique Kater

  • Summerserie 112: Mam Laura Wassnich zu Réiden

    06.09.2017, 11:15

    Wann d'Leit all esou engagéiert a passionéiert wieren an deem, wat se nieft hirer Ausbildung oder Aarbecht maachen, esou wéi d'Laura Wassnich dat ass, dann wier d'Zukunft vum Rettungswiesen geséchert – och ouni Reform an ouni Professionaliséierung. Am zweeten Deel vun eiser Serie iwwer d'Rettungsdéngschter hei zu Lëtzebuerg erliewe mer d'Zesummeschaffe vu Profie mat Fräiwëllegen um Beispill vum Zenter zu Réiden. E Reportage vum Monique Kater

  • Summerserie 112: Mam Carlo Gillen zu Iechternach

    05.09.2017, 09:30

    D'Reform vun de Rettungsdéngschter aus der Vue vun deenen, déi um Terrain matschaffe respektiv deenen hire Beruff et ass, als Pompjee, am Ambulanzendéngscht oder Sauvetage ze hëllefen oder carrément Liewen ze retten. Mir presentéieren iech dës Woch 4 Personnagen, déi an dësem  Beräich aktiv sinn, 4 verschidde Vuen, déi dann awer net komplett Contraire sinn, mee déi d'Komplexitéit vum Rettungswiesen illustréieren. Am éischten Reportage stellt d'Monique Kater eis e Mann vir, deen ee kéint d'Personifikatioun vun eisem Lëtzebuerger System nennen. Dofir fuere mer op Iechternach, an de neie Centre d'Incendie et de Secours.