Arméi

Arméi

  • Eng Woch an der Arméi: Perspektiven no der IB.

    19.08.2017, 10:45

    36 Rekrutten hu bei der Arméi den Ofschlossexame vun hirer Instruction de Base absolvéiert. 4 Méint dauert “d’IB” am Ganzen, fir de Fall dass d’Exame gepackt ginn, bleiwen di jonk Zaldoten di nächst 4 Joer bei der Arméi. D’Arméi wéilt wuel gäre méi jonk Leit astellen dat ass awer guer net esou einfach, Ben Frin

  • Eng Woch an der Arméi: Gasalarm!

    18.08.2017, 09:30

    7 praktesch Ateliere mussen di 36 Rekrutte packen, déi mer bei hirem Examen no der Grondausbildung vun der Arméi begleet hunn. Iwwer zwee Deeg zitt sech d'Prüfung am Ganzen, nieft den Atelieren mussen och 40 Kilometer ze fouss zeréckgeluecht ginn, de Ben Frin war fir eis mat ënnerwee.

  • Eng Woch an der Arméi: Disziplin

    17.08.2017, 11:15

    36 Rekrutten a Rekruttinnen hu mer fir eis Summerserie bei hirem Ofschlossexame vun der Instruction de Base begleet. 40 Kilometer ze Fouss a 7 praktesch Prüfunge mussen dofir absolvéiert ginn. De Ben Frin war fir eis dobäi, an opgefall ass him den disziplinéierten Toun mat dem sech ugeschwat gëtt.

  • Eng Woch an der Arméi: Fraen an der Arméi

    16.08.2017, 08:50

    36 Rekrutten hu mer fir eis Serie  iwwert d'Grondausbildung bei der Arméi an hirem Ofschlossexame begleet. An 2 Deeg musse bal 40 Kilometer ze Fouss a 7 praktesch Ateliere bewältegt ginn. Och Rekruttinnen si mat ënnerwee, wat d'Zaldot sinn fir d'Frae bedeit, huet de Ben Frin nogefrot.

  • Eng Woch an der Arméi: D'Grondausbildung

    15.08.2017, 09:45

    Vun haut un huele mer Iech dann eng Woch mat op de Bierg. 4 Méint dauert d'Grondausbildung bei der Lëtzebuerger Arméi, den Ofschloss dovunner ass déi sougenannte Synthees, e Prakteschen an Theoreteschen Ofschlossexamen. Bal 40 Kilometer mussen déi 36 jonk Rekrutten dofir an zwee Deeg zeréckleeën, um Wee ëmmer nees Atelieren absolvéieren. De Ben Frin war fir eis dobäi.