CHL

Summerserie CHL

29.08.2017 - 09:30

© Claudia Kollwelter
Tëscht 70 an 90 Patienten passéieren den Dag op der Unitéit vun der Chimiotherapie am CHL. Déi eng sinn nëmmen fir e kuerzt Traitement vun ënnert enger Stonn do, anerer verbréngen bis zu 4 Stonnen um Stack. Mir huelen Iech d'ganz Woch hei op der Antenne mat an d'Spidol zu Stroossen an werfen e Bléck hannert d'Kulissen. Zanter Januar huet déi nei technesch Unitéit vun der Chimiotherapie hir Dieren op, wou 14 Patienten zu der selwechter Zäit kënnen traitéiert ginn. D'Claudia Kollwelter war e Moie laang op der Unitéit an iwwerrascht wéi vill Leit een do begéint.
28/08/2017 Serie CHL Deel1 7h30 -kollwelter

Ukomm am Accueil vun der Unitéit hunn ech mech mol installéiert an séier misse feststellen datt extrem vill Patienten hei an an aus ginn. Et sinn keng 5 Minutte vergaangen ouni datt op e neits eng Persoun sech umelle komm ass. Als éischt kritt all Patient eng Bluttanalyse gemaach, déi dann iwwert e Rouer erof an de Keller an de Labo geschéckt gëtt. Sinn d'Resultater ok dann kann mat der Chimiotherapie ugefaange ginn. D'Traitementer sinn esou verschidden wéi d'Patienten an daueren och ënnerschiddlech laang. Et ginn dofir dann och verschidde Raim fir déi mi laang oder kuerz Chimioen.





Dotëscht ass de Preparatiounssall, wou déi 3 Infirmièren sech zréck zéien, fir d'Analysen an d'Traitementer virzebereeden.



En eeleren Här kritt op dësem Dag zum Beispill zwee verschidden Traitementer an muss ronn 4 Stonnen bleiwen. Déi eng bréngen sech Lecture mat, anerer sinn a Begleedung.
Eng Madamm ass mer opgefall déi eng Genre Kap unhuet, déi un eng Maschinn ugeschloss ass. Si erkläert mer datt sou hire Kapp gekillt gëtt an dëst verhënnere soll datt hier Hoer ausfalen.

Breastcare Nurse

Nieft den Traitementssäll sinn awer och 2 Büroen um Stack, dorënner deen vum Susi Schmidt, Breastcare Nurse. D'Fraen déi si an hire Consultatioune gesäit sinn tëscht 24 an 90 Joer al. Hir Aarbecht ass et vir de Patientinnen déi verschidden Interventiounen déi musse gemaach ginn ze erklären.

Am Post-Operatoire ass et dann de Suivi vun der Wonn. Wann eng Mastectomie muss gemaach ginn, dann gëtt zesumme gekuckt wat a Punkto Prothees méiglech ass. D'Patientinnen kréien ëmmer eng provisoresch, respektiv e Soutien mat enger Mousse fir heem, sou datt se awer eng éischt Versuergung kréien.

Vill mëscht d'Breastcare Nurse awer och iwwer Telefon, wann et dann méiglech ass. Dann mussen d'Leit net fir all Klengegkeet an d'Spidol kommen.

Prise en Charge an pluridisziplinärt Schaffen

Déi Leit déi Traitementer kréien déi méi laang wéi nëmmen e puer Stonnen daueren ginn an den Hôpital de semaine, wou et 14 Better ginn déi aktuell all besat sinn.

Et gëtt ganz pluridisziplinär am Kriibszentrum geschafft.
Vill Leit sinn an den Dossier vum Patient mat abezunn, wéi zum Beispill Psychologen oder Plastesch Chirurgen.

Ausser der Bestralung kann alles am Centre gemaach ginn. Och Biopsien, déi bis ewell am Staatslabo gemaach goufen, sollen an Zukunft kënnen intern gemaach ginn.

Zejoert sinn iwwregens 774 Patienten mat iwwer 75000 Chimioterapien am CHL traitéiert ginn.