Summerserie CHL
02.09.2017 - 09:15

01/09/2017 Serie CHL Deel5 7h30 -kollwelter
Wéi gëtt den Tri gemaach?

© Paul Foguenne
Wann e Patient bis ageschriwwen ass huet d'Spidol e kloert Zil wat se an all Fall probéieren ze erfëllen - nämlech datt de Patient bannent 10 Minutten vun enger speziell forméierter Infirmière oder engem Infirmier gesi gëtt.
Dës(en) krut eng komplementar Formatioun fir d'Patienten ze accueilléieren, ze evaluéieren an z'orientéieren. Dës Persoun benotzt dann eng sougenannten "Échele de Tri".
Kanadesche Modell
Där Systemer ginn et der puer - de Modell deen den CHL benotzt kënnt aus Kanada, an klasséiert de Patient an 5 Niveauen. 1 ass den héchsten, 5 de niddregsten. Dëst hëlleft och bannent de verschidden Niveauen de Patient an déi richteg Zon z'orientéieren wou sech ëm se gekëmmert gëtt.

© Paul Foguenne
Et ginn dofir och verschidden Zëmmeren mat engem oder méi Better. Alles an allem kënnen 14 Better an de Urgencen beluecht ginn an 5 zousätzlecher déi surveilléiert ginn, an méi kriddelege Fäll. Datt et fir de Patient mol méi oder manner laang dauere kann bis en dru kënnt, huet natierlech säi Grond. D'Patienten ginn dacks dovun aus datt et hinnen am schlechtsten geet an verstinn net wisou eng Persoun déi mi spéit an d'Spidol koum éischter traitéiert gëtt. Ma de kanadesche System wier awer wierklech wéi e Guide, deen et erlaabt sécher ze schaffen an eng objektiv Evaluatioun ze maachen.
Dann ass et natierlech gutt méiglech datt zur Gläicher Zäit direkt e puer Leit déi op dee nämmlechten Niveau agestuuft goufen an den Urgencen sëtzen. An deene Fäll muss d'Infirmière déi den Tri mëscht d'Patienten nach emol evaluéieren, an mat de Kollegen aus den ënnerschiddleche Beräicher an vläicht och mam Dokter zesumme kucken wien prioritär traitéiert gëtt.
Den CHL huet ofwiesselnd mam Kierchbierger Spidol Garde. Während de 24 Stonnen schaffen 8 Dokteren an tëscht 17 an 18 Leit sinn an der Infirmerie am Asaz. D'Garde geet vu Moies 7 bis den Dag drop 7.