CHL

Summerserie CHL

01.09.2017 - 10:45

© Claudia Kollwelter
12 000 chirurgesch Interventiounen ginn d'Joer am CHL gemaach. An fir 3 dovun war d'Claudia Kollwelter fir eis net nëmmen um bloc opératoire mat dobäi mee och am Operatiouns Sall selwer:
31/08/2017 Serie CHL Deel4 7h30 -kollwelter

Moies géint 7 kommen déi éischt Patienten, fir datt um hallwer 8 ugefaange ka ginn d'Leit ze installéieren. D'Schnëttzäit, dat heescht de Moment wou den Chirurge kann aschneiden, soll ëmmer géint 8 Auer sinn fir datt den Dagesprogramm ouni gréisser Changementer kann oflafen. 

Steril Tenue

Ier et an den Operatiounssall geet muss och ech mech an déi richteg Tenue geheien: steril blo Box, T-Shirt, OP Hauf a Mondschutz.



Et kann also lass goen, um hallwer 8 gi mer an den éischten Operatiounssall eran, wou d'Patientin, déi sech d'Heft gebrach huet, grad installéiert gëtt.



D'Preparativen virun dem éischten Schnatt

Impressionnant ass et wéi laang d'ganz Preparatioun iwwerhaapt dauert ier operéiert gëtt.
Wann de Patient era kënnt ass schonn emol den Anästhesiste an den Infirmier Anästhesiste do fir d'ganz Equipement vun der Anästhesie ze preparéieren. 1 Infirmière preparéiert den Dësch mat den Instrumenter an eng aaner ass ronderëm de Patient fir d'Instrumenter ze dem Chirurge dono ze ginn.
Et hänkt vun der Interventioun of, ma d'Preparatioun kann bis zu 45 Minutten daueren

E klengen Malaise

Am Fall vum Hëft Broch mussen während der OP ëmmer erëm Röntgen gemaach ginn- jiddereen am Sall muss also eng Schutz Veste géint d'Stralen undoen- déi ganz schéi schwéier sinn. An dann geet et och scho lass - ech stinn hannert der Chirurgin an hirem Assistent. Den éischten Schnatt ass gemaach an mat engem Genre Buerer fueren se eran an eraus. Mir gëtt waarm - bestëmmt wéinst der schwéierer Veste déi ech un hunn - d'Blutt kënnt aus dem Schnatt gelaf, net just bëssen mee richteg Klompen. Ech gesi bemol net mi ganz kloer an mierken datt ech besser eraus ginn. Kéiswäiss sëtzen ech kuerz drop virum OP um Buedem. Et war vläicht bëssen eng brutal OP fir unzefänken - dat kréien ech elo dono gesot.

Spull an Sterilisatioun vum Material

Kuerz drop ass erëm alles an der Réi. Ier et awer weider geet maachen ech en Tour um Stack an kommen an deen Deel wou déi helle Wull un Materialien déi gebraucht ginn steriliséiert ginn. Dat geschitt entweder per Maschinn oder op der Hand, wann d'Material déi héich Temperaturen net aushält. Dann gëtt et dono - ofhängeg vun der OP fir déi et dono gebraucht gëtt - engem ganz bestëmmten Schema no an eng Käscht placéiert an alles Grëffbereet ass fir de Gebrauch spéider.

Gehir Metastase an Leeschte Broch

Ech fillen mech an tëscht erëm ganz normal - prett also fir d'OP Nummer 2, wou 2 Chirurgen am gaange sinn un enger Gehir Metastase ze operéieren. Et ass düster am Raum, just de Kapp deen opgeschnidden ass ass hell beliicht. Eng vill manner bluddeg, awer och vill méi präzis Interventioun.

Bei der 3. Operatioun krut de Patient keng Vollnarkose, hien schwätzt dowéinst och ëmmer erëm mat de Leit ronderëm en an stëllt Froen. Wann alles bis fäerdeg ass wäert en sech dorun awer net méi erënneren. Ech kréien während deem eng ganz Partie Erklärungen vum Chirurge deen mer Etapp fir Etapp erzielt wat en mëscht.




D'Operatiounen sinn iwwregens all ouni Problem verlaf. An ech fir mäin Deel behalen zréck datt ech net dofir gemaach sinn.