CHL

Summerserie CHL

30.08.2017 - 10:45

© Claudia Kollwelter
1500 verschidde Medikamenter op ronn 800m2 - datt sinn nëmmen e puer Chifferen vun der interner Apdikt vum CHL. Um Minus 1 vum Spidol verstoppen sech awer net nëmmen eng helle Wull u Medikamenter, hei gëtt och de Kascht fir d'Patienten an d'Personal preparéiert, Claudia Kollwelter
29/08/2017 Serie CHL Deel2 7h30 -kollwelter

Moies um 6 fänkt d'Produktioun vum Mëttegiessen un, sou datt um hallwer 11 alles prett ass. Moies an Owes kréien d'Patienten kal z'iessen, datt ass also manner opwändeg. D'Gestioun an de Management vun der Kichen am Iessen leeft iwwert Sodexo.



De Produit kënnt eran, geet awer net direkt an d'Kichen mee muss duerch verschidde Zonen. D'Liewensmëttel mussen also duerch sougenannten Secteuren. An der éischter Zone ginn d'Kartongen mol ausgepaakt, ier se dann an déi nächst Zone weider ginn wou se portionéiert ginn oder op verschidde Manéieren verschafft ginn.



48 Leit schaffen den Dag iwwer an der Kichen, fir d'Preparatioun, d'Verdeelung an d'Spull. Fir déi 4 Sitten vum Centre Hospitalier ginn pro Dag 1500 Platen eraus.



Um hallwer 3 ass d'Produktioun da fäerdeg, ma d'Kichen ass awer nach op bis Owes hallwer 9 op wëll bis dohin alles grëndlech gebotzt gëtt.



Wann een am Keller dann weider geet kënnt een an d'Apdikt - eng richteg Entreprise. 40 Leit schaffen hei, 11 Apdikter - si këmmeren sech engersäits ëm d'Gestioun vun de Medikamenter mee och vun Nolen, Plooschteren, Protheesen. An et ginn och Medikamenter hei produzéiert. Och wann se hir Raimlechkeeten am CHL hunn schaffen se awer net eleng fir d'Spidol mee och fir d'INCCI, den Häerz Zenter, d'Interkommunaalt Spidol zu Stengefort, den Centre de Rétention an de Prisong.
An e klenge Plus dann och nach: si sinn ee vun den offizielle Fournisseuren vun der olympescher Ekipp vu Lëtzebuerg.



Zréck awer an den CHL - do gëtt et engersäits d'Apdikt fir d'hospitaliséiert Patienten, wou et ronn 1500 verschidde Medikamenter ginn. Do niewendrun, an engem mi klenge Raum ass dann awer och e Service fir extern Patienten, wou 50 ënnerschiddlech Medikamenter gelagert sinn. Dëst sinn Saachen déi eng normal Apdikt meeschtens net verkeeft, wëll se extrem deier sinn. Am Fall vun engem Patient deen AIDS huet zum Beispill ass et fir deen dann och méi agreabel seng Medikamenter net iwwert eng normal Théik mussen ze kafen. Hei ass e klenge Büro virgesinn, wou dat ganzt dann och méi diskret oflafen kann.



Ob de verschidden Stäck vum CHL ass natierlech och e Stock u Medikamenter virgesinn - deen muss dann awer securiséiert sinn. Zanter gutt 3 Joer ginn et dowéinst geséchert Schief. D'Iddi ass et en informatiséierte Schaf ze hunn duerch deen een all Mouvement zréck verfollege kann. D'Infirmière loggt sech mat engem Badge an de Schaf an, selektionéiert den Patient an gesäit dann wat verschriwwe ginn ass. Wann een dann ee vun de Medikamenter auswielt, geet ee spezifeschen Tirang op, an eng Luucht blénkt bei deem Medikament wat d'Infirmière eraus huelen muss.

Esou weess een genee wien wat geholl huet, wéini a fir wéi ee Patient. Dës geséchert Schief ginn natierlech just an deene Servicer benotzt wou mat mi geféierleche Medikamenter gehandhaabt gëtt. Mee och am grousse Lager vun de Apdikt steet d'Sécherheet am Mëttelpunkt - an sou ginn 2 Medikamenter déi sech vum Ausgesinn hir zum Beispill änelen esou wäit vun eneen wéi méiglech stockéiert fir ze evitéieren datt se vertosch kéinte ginn.