CHL

Summerserie CHL

31.08.2017 - 09:30

© Paul Foguenne
Zanter engem gudde Joer ass se op, déi nei Maternité zu Stroossen. Net nëmmen d'Raimlechkeeten si modern, an der Zäit ugepasst, och wat d'Prise en Charge ugeet versicht een a verschidde Beräicher nei Weeër ze goen. Während déi meescht d'Maternité mat Accouchementer associéieren, geet d'Aarbecht awer wäit doriwwer eraus. D'Claudia Kollwelter huet engersäits mat enger Doktesch geschwat déi versicht Fraen de Kannerwonsch ze erfëllen, anersäits mat enger Infirmière déi an der Klinik vun der Ménopause schafft.
30/08/2017 Serie CHL Deel3 7h30 -kollwelter

Et ass en natierlecht Phänomen datt een net evitéieren kann, mee dat d'Fraen awer ganz staark belaascht, an duerch dat e bestëmmte Gesondheetsrisiko entstoe kann. Riets ass vun der Menopause - a genee fir dës ass an der Maternité vum CHL zu Stroossen eng extra Klinik opgaange. Zil vum Projet ass eng global a personaliséiert Prise en Charge vun de Patienten.

Pluridisziplinär Consultatiounen


D'Iddi ass datt de Patient, am Fall vun der Menopause also d'Fra, bannent engem hallwen Dag e globale Bilan gemaach kritt. Dacks sinn et nämlech Fraen déi schaffen, an dowéinst wëll een evitéieren datt si e puer Aller Retouren mussen maachen. Si sollen séier eng Äntwert kréien op hir Froen a Problemer. Fir dëst ze erméiglechen gëtt op eng pluridisziplinär Consultatioun gesat. Et schafft een mat enger spezialiséierter Gynekologin an Infirmière, Kinéen, enger Sexologe, Sophrologue an an Zukunft soll och nach eng Dieteticienne kommen.

Dës Manéier ze schaffen soll an Zukunft och an anere Beräicher applizéiert ginn.

En anere Volet dann deen an der Maternité traitéiert gëtt: de Kannerwonsch

D'Patientinnen ginn meeschtens vun hirem Gynekolog an den CHL geschéckt an ginn och eréischt zréck bei deen de Moment wou se schwanger sinn.



Systematesch gëtt och en psychologeschen Suivi proposéiert. D'Psychologin mëscht eng gratis Prise en Charge. Vu datt de Wee bei de Psychologe dacks eng Hürd ass ass ee frou dëst de Patientinnen kënnen unzebidden, ouni datt et fir si mat aneren Demarchen verbonnen ass. Dacks spieren d'Leit sech allerdéngs méi staark wéi se et eigentlech sinn an huelen déi Offer dann awer net un. Wat och proposéiert gëtt ass d'Hypnose, wat och ganz wäertvoll wier, awer leider net rembourséiert gëtt.