Douane

Douane

  • Eng Woch bei der Douane: Brennerei

    26.08.2017, 11:30

    Zu Lëtzebuerg ginn et eng ronn 80 aktiv Brennereien. Och wann di meescht vun hinne kleng Betriber sinn, mussen si op hiren Alkohol Accise bezuelen. Di lescht Statioun an eiser Serie iwwert d'Aarbecht vun der Douane ass dofir d'Brennerei Diedenacker zu Nidderdonwen. Do gëtt grad Äppeldrëpp gebrannt.

  • Eng Woch bei der Douane: Accisen op den Zigaretten

    25.08.2017, 10:45

    1,2 Milliarden Euro fléissen all Joer an de Staatsbudget duerch Accisen. Di speziell Steier um Alkohol, um Tubak an um Benzin mécht esou bal 10% vun de Recettë vum Staat aus. An eiser Serie iwwert d'Douane beliichte mer dofir haut d'Accisen, a ganz konkret déi op den Zigaretten.

  • Eng Woch bei der Douane: Päerdskontroll

    24.08.2017, 09:30

    Haut geet et an eiser Serie iwwert d' Douane an de Päerdsstall. D' Brigade Santé vun der Douane geet reegelméisseg kontrolléieren, op d' Päerd richteg gehale ginn. Et ginn zwou där Brigaden, eng zu Dikrech an eng zu Maacher, déi uechter d' Land an den Asaz kommen. De Sam Rumé war mat op eng Kontroll an d' „Manège op der Schéifferei“ an der Buerg.

  • Eng Woch bei der Douane: Cargocenter

    23.08.2017, 09:15

    Fir eis Serie iwwert d’Douane gi mer haut an de Cargocenter um Findel. Iwwert 800.000 Tonne Wueren aus aller Welt kommen hei am Joer un, domat huet Lëtzebuerg de sechst gréisste Cargocenter an Europa. Eng grouss Aufgab fir d’Douane, déi di Wueren um Findel kontrolléiere muss. D’ Douanieren hunn dem Sam Rumé gewisen, wéi se schaffen.

  • Eng Woch bei der Douane: Vignette 705

    22.08.2017, 11:45

    Zanter iwwer 200 Joer gëtt et se schonn, och wann hir Aufgaben deelweis geännert hunn: d'Douane. Di verschidden Aktivitéite vun der Douane kënnen an dräi grouss Gruppen agedeelt ginn: di éischt këmmert sech ëm d'Wueren déi an d'Land kommen, fir ze kontrolléieren op déi sécher a legal sinn. En anere Volet sinn d'Accisen um Alkohol, den Zigaretten an dem Bensin. Och d'Lizenze fir Restauranten a Caféë falen dorënner. A wéi d'Grenzen an Europa 1993 opgaange sinn, huet d'Douane sech nach weider Aufgabe misse sichen. Sou ass den drëtte Beräich entstanen, dee vun der Sécherheet: eng ganz Rei Brigade ginn do op den Terrain a kontrolléieren zum Beispill d'Hygiène an de Restauranten, den Ëmweltschutz an d'Déierenhaltung. Dës Woch presentéiere mir verschidde Volete vun der Douane op eiser Antenn. Haut fänke mer un mat der Vignette 705.