Tram

Tram

  • Eng Woch mam Tram: Vu Sécherheet a Formatiounen

    12.08.2017, 10:45

    D'Sécherheet steet iwwert allem... Déi Responsabel vu Luxtram  wëllen net nëmmen d'Leit an der Stad sou gutt wéi méiglech op  den Tram preparéieren dee vun Dezember un op der Strooss mat mëscht. Och d'Rettungsdéngschter solle virbereet sinn an natierlech mussen och  déi zukünfteg Tram-Chaufferen  op hir nei Gefierer agestëmmt ginn. Claude Zeimetz

  • Eng Woch mam Tram: Wéineg Impakt op d'Fouer

    11.08.2017, 10:45

    Och wann een se net gesäit; um Glacis leien den Ament schonn ëm déi 200 Meter Schinnen vum Tram. E groussen Deel gouf viru kuerzem provisoresch  zougedeckt, wéinst der Fouer déi den Ament  amgaang ass opgeriicht ze ginn. Där hire Plang wärt dëst Joer  e ganz anere sinn. An obwuel d'Fouer dem Tram 10% vun hirer Plaz huet missen ofginn, gëtt e vum Fouermeeschter mat  oppenen Äerm empfaang. Claude Zeimetz

  • Eng Woch mam Tram: Schaffen trotz Congé collectif

    10.08.2017, 08:40

    De Gros vum Bausecteur profitéiert den Ament vum Congé collectif. De Gros... well ënnert anerem de  Chantier vum Tram leeft  de Summer iwwer weider. 98% vun de Schinnen fir dat éischt Stéck tëscht der Luxexpo an dem Glacis leien zwar schonn. Ma déi nächst Wochen a Méint sinn nach sou munch Finitiounen ze maachen fir datt den 10. Dezember och alles fäerdeg ass. Den Ament konzentréiert sech den Tram-Schantjen op d'Rout Bréck. Claude Zeimetz

  • Eng Woch mam Tram: Tester am Moundschäin

    09.08.2017, 10:45

    Den Tram fiert bekanntlech offiziell zwar réischt vum 10. Dezember un, ma deejéinegen deen dëser Deeg am Däischteren um Kierchbierg ënnerwee ass, kéint d'Maschinn jee nodeem  scho begéinen. Zanter eppes méi wéi zwou Wochen lo schonn ginn d'Maschinnen op engem ofgespaarten Stéck déi ganz Nuecht duerch bis Moies fréi op Häerz an Nieren getest. Claude Zeimetz

  • Eng Woch mam Tram: Waarden op de "Siggi"

    08.08.2017, 08:40

    53 Joer, 3 Méint a 5 Deeg, nodeems dee leschten hei am Land gefuer ass, kritt d'Stad Lëtzebuerg den 10. Dezember hiren Tram zeréck. De Chantier um Kierchbierg kënnt sou lues op en Enn,  den Tramsschapp ass och prett. An et gëtt alles gemaach fir datt deen Dag alles fäerdeg ass. Mir huelen Iech dës ganz Woch mam Siggi mat. D'Claude Zeimetz huet de Vertrieder vu Luxtram am Poste de Commande an um Chantier iwwert d'Schëller gekuckt. Haut kucke mer fir unzefänken wat den neien Lëtzebuerger Tram alles ze bidden huet.