Vëlo

Transportmëttel a Fitnessapparat

  • Poolnuddele fir méi Sécherheet beim Vëlofueren

    13.09.2018, 06:20

    E Mann fiert mam Vëlo duerch Toronto... U sengem Gepäckdréier ass eng gëftgréng Poolnuddel ageklemmt, déi ongeféier e Meter säitlech an d'Strooss eraus reecht. Esou Biller maachen een op den éischten Abléck wahrscheinlech stutzeg, ma si weise kloer op e Problem hin, Michèle?

  • Vëlo fir jiddereen

    07.09.2018, 14:30

    De Romain Engels beäntwert e puer Froen, déi all Cyclist sech bestëmmt och schonn mol gestallt huet

  • Serie Vëlo

    31.08.2018, 14:30

    Dos and Don'ts um Vëlo. Wat soll een a wat soll een net maache wann ee mam Vëlo ënnerwee ass? De Romain Engels huet eng Partie gutt Rotschléi.

  • Ëmfro: Eng Plaque fir de Vëlo?

    13.08.2018, 13:15

    Fuer dir am Alldag vill mam Vëlo? Wa jo, da kéint iech eng nei Petitioun interesséieren. De Jeff Dondelinger huet sech dës méi genee ugekuckt.

  • Serie Vëlo: Pedelec

    20.07.2018, 10:30

    De Vëlo ass duerch den Tour der France ganz staark an der Aktualitéit, awer och am Alldag sinn ëmmer méi Leit op zwee Rieder ënnerwee. Haut beschäftege mer eis mat engem ganz praktesche Geschir mat deem een net esou un d'Schweesse kënnt an awer aktiv ass.

  • Serie Vëlo: Vëlosschoulen

    11.07.2018, 09:15

    Haut geet et drëms fir richteg ze léieren mam Vëlo ze fueren. Jiddereen huet dat als Kand bestëmmt geléiert, mee haut si d'Konditiounen anescht wéi mir se als Kand um Vëlo kenne geléiert hunn an dofir gi mir an d’Schoul, an d’Vëlosschoul mam Romain Engels

  • Serie Vëlo: Vëlofuere fir jiddereen

    27.06.2018, 09:15

    Wat muss ech maache fir um Vëlo gutt a Form ze kommen ?. Wéi kann ech dat mat einfachem Training verbesseren? Wéi fueren ech richteg wann ech an engem Grupp ënnerwee sinn? Vill Froen, de Romain Engels huet d'Äntwerten

  • Serie Vëlo fuere fir Jiddereen

    20.06.2018, 09:15

    Am Summer plangen ech en Trekkingtour ….op wat muss ech oppassen…wat sinn gängeg Feeler…Tipps an Tuyauen vir dass et e flott Erliefnis gëtt !

  • Serie Vëlo (4. Deel)

    13.06.2018, 09:15

    Fir Vëlo ze fueren soll een Basis-Technik beherrschen an domat de Vëlo an all Situatioun am Grëff hunn …wéi eng Techniken sinn dat a wou kann een déi léieren? De Romain Engels huet eis déi verschidden Techniken opgezielt

  • Serie "Vëlo" (3. Deel)

    30.05.2018, 09:15

    Wéi muss ech equipéiert sinn fir Vëlo ze fueren, wat soll een undoen a wat derbäi hunn? De Romain Engels verréit eis kleng Astucen wann een en « Tour maachen wëll mam Vëlo »

  • Serie Vëlo: Vëlofuere fir jiddereen (2. Deel)

    23.05.2018, 09:15

    ''Mam Vëlo an der Stad an a Ballungsgebidder", de Romain Engels, professionelle Fitnesstrainer gëtt eis Explikatiounen

  • Serie ''Vëlo'' (1. Deel)

    16.05.2018, 09:15

    D'Wieder ass gutt, duerfir gëtt de Vëlo erausgeholl, mee mat deenen Reegelen, déi vum 1. Mee a Kraaft getruede sinn, ginn et och vill Diskussiounen…mee Vëlo ass net gläich Vëlo, wisou ? Dat seet de Romain Engels, professionelle Fitnesstrainer a senger Serie ''Vëlo''

  • Code de la route Ännerungen BAND

    01.05.2018, 07:30

    Et geet besonnesch ëm de Mateneen op der Strooss. E besseren  Mateneen tëscht de motoriséierte Gefierer,  de Vëloen an de Foussgänger.  Op den Dag vun haut trieden 9 punktuell Adaptatiounen am Code la route a Kraaft. De Grand-Duché huet sech un den Experienzen aus aneren europäesche Länner inspiréiert an dat raus geholl wat, dem Nohaltegkeetsministère no,  am meeschte Sënn mécht. D'Claude Zeimetz erënnert nach emol drun wat genee ännert.

  • An 100 Sekonnen: Nicolas Frantz

    17.07.2017, 06:20

    Haut viru 90 Joer gewënnt de Nicolas Frantz als zweete Lëtzebuerger den Tour de France.

  • Cycling4Health

    21.06.2017, 08:47

    Vëlo fuere fir de gudden Zweck - eng ganz Parti Eventer a Rendezvous'en sti lo am Juli un. De Serge Haag huet eis de Moien am Kiosk "Cycling4Health" virgestallt.

  • Vëlo a Co

    20.06.2017, 08:54

    Fir di Kleng, fir di Grouss, op egal wéi engem Terrain, mat an ouni Motor, zanter 200 Joer ass de Vëlo en risege Succès. Wéi Dir optimal a sécher duerch d'Saison kommt, wéi en Vëlo dee richtege fir Iech ass, huet eis de Sportsprof Georges Mischo am Kiosk verroden.

  • Journal vum Giro

    28.05.2017, 12:10

    Haut um Sonndeg geet de Giro d'Italia op deen Enn. Fir d'Coureuren stinn nach 30 Kilometer um Programm

  • Journal vum Giro

    27.05.2017, 09:40

    Haut steet déi zweete leschten Etapp am Giro d'Italia um Programm. De Rich Simon stellt eis dës Biergetapp vir, hie schléit eng däischter Säit aus dem éischte Weltkrich op an den David Albert interesséiert sech nees fir de Kéis aus der Regioun.

  • Journal vum Giro

    26.05.2017, 11:20

    Am Journal vum Giro stellt de Rich Simon eis haut eng weider Biergetapp vir. Hien deet awer och d'Boxhändchen un an den David Albert geet ënnert anerem an d'Bäckerei.

  • Journal vum Giro

    25.05.2017, 11:40

    Haut sinn d'Coureuren an den Dolomiten ënnerwee. Dat bedeit nees dass vill Bierger op si waarden. De Rich Simon stellt eis am Journal vum Giro dës 18.Etapp vir, hien hëlt iech mat Schifueren an den David Albert interesséiert sech fir de Wäin aus der Géigend.