Konsbruck Bob

Bei RTL zanter:
August 2004 

Radio ass fir mech:
meng Aarbecht a meng Passioun 

Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
iwwerall do wou ee lafe kann 

Immens reize géing mech en Interview mam:
Fred Durst oder Jimmy Fallon 

E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
Jumper vu Third Eye Blind

E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
Das Gesetz der Rache 

Am léifsten hunn ech:
wa jidderee ronderëm mech zefridden a frou ass, also ech meng Rou hunn 

Mech reegt et op, wann:
den Toilettepabeier de falsche Wee hänkt  a wann ouni de Fonke vun e bësse gesondem Mënscheverstand eppes kommentéiert gëtt 

Wann ech eppes ze soen hätt:
géing vill méi gelaacht ginn

Mäi Motto:
bleif labber ... eent nom aneren!

Schéckt dem Bob eng Mail