Hippert Franky

Bei RTL zanter:
2000 

Radio ass fir mech:
E Stéck Lëtzebuerg, dat eis informéiert an ënnerhält
a wou ech mäin Hobby zum Beruff konnt maachen

Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
doheem op menger Terrass

Immens reize géing mech en Interview mam:
Pep Guardiola 

E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
C'est la vie vum Khaled 

E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
Le Dîner de cons 

Am léifsten hunn ech:
Éierlechkeet a Rou 

Mech reegt et op, wann:
ee kléngkaréiert, intolerant, onéierlech, respektlos, onorganiséiert, egoistesch ass 

Wann ech eppes ze soen hätt:
da géif ech déi krankhaft Profitmaximéierung, déi zu Laaschte vun de Leit déi schaffen an der Qualitéit vun de Produiten geet, reguléieren an all déi Leit déi gäre Krich maachen  op eng verloossen Insel schécken, wou si sech dann d'Käpp kéinten aschloen 

Mäi Motto:
Hakuna Matata, well et geschitt souwisou wat ze geschéien huet 

Schéckt dem Franky eng Mail