Goerens Annick

Bei RTL zanter:
2013 als Freelance fir d'Télé
2015 fir de Radio

Radio ass fir mech:
e super Apparat, den Noriichten a Musek souguer an déi Ecker op der Welt bréngt,
déi vun allem soss ofgeschnidde sinn 

Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
do wou ech meng Kandheet verbruecht hunn: an den Éisleker Ardennen am Bësch 

Immens reize géing mech en Interview mam:
Meryl Streep, Joanne K Rowling, Hannah Arendt, Ellen DeGeneres

E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
Walk of Life vun Dire Straits

E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
Call Me By Your Name

Am léifsten hunn ech:
Reesen, léif Gesellschaft a gutt Iessen

Mech reegt et op, wann:
Leit onhéiflech sinn (Moien, Merci, Pardon a weg vergiessen)

Wann ech eppes ze soen hätt:
géing vill gemaach ginn wéi fréier, just net a punkto Mënschen- a Fraenrechter 

Mäi Motto:
"This above all: to thine own self, be true" (Shakespeare)
 
Schéckt dem Annick eng Mail