Folscheid Corinne
Vun RTL

Mee 2005
Radio ass fir mech:
meng gréisste Passioun, mäin Hobby
an anengems dee schéinste Beruff deen et gëtt
Meng léifste Plaz zu Lëtzebuerg:
doheem sinn bei mengem Mann, mengem klenge Meedchen a mengem Mupp
Immens reize géing mech en Interview mam:
ech hu kee spezifesche Wonsch-Interviewpartner!
Ech hu scho sou vill intressant Leit virum Mikro gehat a jiddereen zeechent sech op seng Manéier als eenzegaarteg aus. An där kommen der bestëmmt nach ganz vill :-)
E Lidd, dat ech ëmmer lauschtere kéint:
ech hu lauter Lieblingslidder, einfach de Radio opdréinen
E Film, deen ech ëmmer kucke kéint:
schwéier soen ... et ginn sou vill exzellent gutt Filmer,
mä heiansdo ee richteg gudde Krimi, dat muss alt sinn!
Am léifsten hunn ech:
vill léif Leit ronderëm mech, op der Aarbechtsplaz, an der Famill an am Frëndeskreess
Mech reegt et op, wann:
Leit engem falsch Saachen ënnerstellen, Viruerteeler hunn -
dat hunn ech guer net gäer!
Wann ech eppes ze soen hätt:
hätt jiddereen eppes ze soen!
Mäi Motto:
liewen a liewe loossen
Schéckt dem Corinne eng Mail
